Radioen

On air

Moiesstudio  |  Whitney - Real Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen rechent mat Orbán-Politik of

DEBATT AM EUROPAPARLAMENT

Ursula von der Leyen rechent mat Orbán-Politik of

An enger hëtzeger Debatt am Europaparlament huet d’Kommissiounscheffin net mat Kritik un der Politik vum Viktor Orbán gespuert. Den ungaresche Premier awer huet dat als “Propaganda” bezeechent.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Ursula von der Leyen bei hirer Ried am Europaparlament. (Foto: European Union)

“Dat heiten ass net d’Eurovisioun”, sou huet d’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola probéiert, nees Uerdnung an hiert Haus ze bréngen, wéi no der Ried vum ungaresche Premier Viktor Orbán nieft Standing Ovations och Gesang am Europaparlament ugestëmmt gouf.

D'Stëmmung war gelueden, iwwer dräi Stonne laang gouf am Parlament mam ungaresche Premier diskutéiert. Hie war zu Stroossbuerg op Besuch, fir de Programm vun der ungarescher EU-Presidence ze presentéieren.

Haaptsujet: D’Politik vum Viktor Orbán

Dee Sujet stoung awer am Fong manner am Mëttelpunkt vum Debat ewéi d’Politik vum Viktor Orbán senger Regierung.

“Europa muss sech änneren” a seng EU-Presidence wéilt dofir ee “Katalysateur” sinn. Dat hat de Viktor Orbán a senger éischter Interventioun gesot. Eng Ried, an där hie virun allem seng Vue vun der EU-Politik, a manner ee Programm fir déi Presidence virgestallt huet.

D’Retourkutsch vun der Kommissiounscheffin awer hat et a sech.

Direkt Attack vun der Ursula von der Leyen

De Krich an der Ukrain stéing am Mëttelpunkt vun där ungarescher Presidence, sou d’Ursula von der Leyen. Dem Viktor Orbán seng Regierung géif net de Putin fir dee Krich responsabel maachen, mee déi, déi iwwerfall goufen.

“Ech froen Iech: Wat géift Dir soen, wann een Ungarn géif fir déi sowjettesch Invasioun am Joer 1966 responsabel maachen? D’Europäer hu vläicht verschidde Sproochen, mee néierens wier Fridden ee Synonym dofir opzeginn, a Kapitulatioun ee Synonym fir Occupatioun.”

D’Kommissiounspresidentin huet fir eng Kéier hei kee Blat virun de Mond geholl a reegelrecht mat der Politik vum Viktor Orbán am Bezuch op d’Europäesch Unioun ofgerechent.  

Ungarn géif sech zum Beispill duerch Diskriminatioune vun europäesche par rapport zu aneren Entreprisen ëmmer méi vum EU-Bannemarché ewechbeweegen, sou d’Ursula von der Leyen.

D’EU-Länner hätten hir Energiepolitik ëmgestallt. Ungarn awer hätt statt no Alternativen zu russeschem Gas ze sichen, just no anere Weeër gekuckt, fir awer un de Gas ze kommen. Ungarn huet verurteelt Schleiser a Mënscheschmuggler aus dem Prisong entlooss, ier se hir Zäit ofgesiess hunn, a géif russesch Bierger Visae ginn, ouni se virdru genee ze kontrolléieren.

“Dat huet näischt domat ze dinn, illegal Migratioun ze bekämpfen oder eis Unioun ze protegéieren. Domat geheit ee just d’Problemer sengen Nopere virun d’Féiss.”

Orbán: Eng Debatt, “déi op Propaganda baséiert”

Op déi konkret Beispiller hat een iwwerraschte Viktor Orbán am Fong just eng Äntwert: Dat wiere Ligen. De Premier huet och vu “lénker Propaganda” geschwat, vun enger Zort “Intifada”, déi am Europaparlament géint hie gestart gouf. Hie géing et bedaueren, datt keng “korrekt” Debatt méiglech war, sou den ungaresche Premier um Schluss.

Péter Magyar: De wichtegsten Oppositiounspolitiker mellt sech zu Wuert

Am Parlament hu sech vill Deputéiert zu Wuert gemellt. Och där vun der ungarescher Oppositioun, wéi de Péter Magyar, de gréisste Konkurrent vum Viktor Orbán am Ablack.

Hie war mat senger “Tisza”-Partei bei den Europawalen aus dem Stand eraus op iwwer 30 Prozent komm a setzt zënterhier am Europaparlament. Dem Viktor Orbán huet hien an der Debatt an der Plenière, wéi vill anerer, Korruptioun reprochéiert.

Fernand Kartheiser stellt sech hannert Viktor Orbán

Zu deenen, déi sech hannert den ungaresche Premier a seng Politik gestallt hunn, huet de Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gehéiert. Hien huet genee ewéi de Viktor Orbán der Kommissiounscheffin virgeworf, si géif hei hir Kompetenze verloossen an d’Memberstaate misste sech iwwerleeën, der Kommissioun net vläicht Pouvoir ewech ze huelen.

 

Aktualitéit
Europa