Dräi nei Premierministere bannent 12 Méint. Dee Bilan seet eigentlech schonn alles iwwer déi politesch Lag a Frankräich 2024 aus. Mee alles der Rei no.
Am Januar wëllt de President Emmanuel Macron no engem turbulenten 2023 e politeschen Neiufank an ersetzt d'Premier Elisabeth Borne duerch de Gabriel Attal. Seng Amtszäit gëtt vum Europawalkampf dominéiert an am Juni kënnt et dann och um Walowend zum groussen Eclat. En denkbar schlecht Resultat fir dem Macron seng Partei an en historescht gutt fir dee rietsextreeme Rassemblement National (RN) setzen de President ënner Drock. Säi riskant Manöver: Neiwalen am Juli.
3 Méint Barnier-Regierung
No dem éischten Tour deit eigentlech alles op eng Victoire vum RN hin, mee um Enn ass et d'Lénksallianz Nouveau Front Populaire, déi d'Wal gewënnt. De Jean-Luc Mélenchon fuerdert d'Regierung ze stellen.
Amplaz vun der Lénksallianz decidéiert sech de Macron no zwee Méint Diskussioune fir eng Regierung ënner dem konservative Michel Barnier. Dëse fënnt keng Majoritéiten a muss sech wéinst dem Gebrauch vum Artikel 49.3 beim Budget engem Mësstrauensvott stellen. Dëse wäert Ufank Dezember no just dräi Méint d'Enn vun der Regierung Barnier bedeiten.
Neie Premier, déi selwecht Onsécherheet
Mam François Bayrou kënnt en neie Premier, d’politesch Instabilitéit an Onsécherheet bleiwen awer.
Niewent der Politik ass et de Vergewaltungsprozess ronderëm déi grujeleg Doten un der Gisèle Pélicot, deen d'Land schockéiert a beschäftegt. 2024 ass awer och d'Joer vun de Groussevenementer. Niewent der Reouverture vun Notre-Dame Ufank Dezember sinn et natierlech déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis, déi de Summer iwwer fir Euphorie am Land suergen.
Eng opulent Erëffnungszeremonie réckelt déi politesch Kris ganz kuerz an den Hannergrond.
12 Méint fir d'Geschichtsbicher ginn also op en Enn. Déi nächst deite sech awer och schonn turbulent un.