Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Magdeburger Autoritéite si mat Froen iwwer d'Sécherheet konfrontéiert

No Attack op Chrëschtmaart

Magdeburger Autoritéite si mat Froen iwwer d'Sécherheet konfrontéiert

No der Attack um Chrëschtmaart zu Magdeburg mat fënnef Doudegen a ville schwéier Blesséierte sinn d'Autoritéite weider mat Froe konfrontéiert iwwer d'Sécherheet an iwwer Warnungen, déi si an der Vergaangenheet iwwer den Täter kruten.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jan Woitas
Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas

Dee 50-Joer alen Dokter aus Saudi-Arabien ass elo an Untersuchungshaft. Hie gëllt als islamfeindlech an huet och Sympathië mat der rietsextreemer AfD a mam Elon Musk ausgedréckt. No enger Warnung aus Saudi-Arabien war eng Prozedur géint de Mann ageleet ginn, hie wier awer net als geféierlech agestuuft ginn, sot de Chef vum Bundeskriminalamt.

Riets Gruppen an Däitschland hunn zu Demonstratiounen opgeruff. D'AfD huet fir den Owend beim Doum zu Magdeburg eng Manifestatioun an duerno en Trauermarsch organiséiert. Parallel dozou huet eng Initiativ mam Numm "Gëff dem Haass keng Chance" zu enger Mënschekette ronderëm den Ale Maart opgeruff.