Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frontext observéiert Réckgang un illegaler Migratioun

Europäesch Grenzschutzagence

Frontext observéiert Réckgang un illegaler Migratioun

Zanter Januar wieren 42 Prozent manner Migranten illegal iwwert d‘EU-Grenze komm, wéi déi selwecht Zäit d‘lescht Joer. Dat mellt déi europäesch Grenzschutz-Agence Frontex.

auto_stories

1 min

Frontex | © picture alliance / Jan A. Nicolas/dpa | Jan A. Nicolas
Foto: picture alliance / Jan A. Nicolas/dpa | Jan A. Nicolas

De gréisste Réckgang gouf op der Balkan-Route observéiert mat engem Minus vun 79 Prozent. Iwwer d‘Mëttelmier wiere 64 Prozent manner Passage ginn.

Dofir awer si méi Migranten aus Ostafrika an d‘EU komm, déi Zuel hätt sech verduebelt zanter Januar, an déi illegal Passagen aus dem Osten hätte sech verdräifacht, sou Frontex