Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - All I Can Do

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden: “Lëtzebuerg ass op fir doriwwer ze diskutéieren”

Extern Flüchtlingscampen

Léon Gloden: “Lëtzebuerg ass op fir doriwwer ze diskutéieren”

Am Virfeld vum EU-Sommet déi nächst Woch diskutéieren d’EU-Innenministeren iwwert Modeller, Retoure vu refuséierten Demandeurs d’asile oder awer ganz Asylprozedure baussent der EU ofzewéckelen. Lëtzebuerg ass op, iwwer verschidde Modeller ze diskutéieren, seet de Léon Gloden am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

D'Inneminister treffe sech zu Lëtzebuerg. (Foto: European Union)

Extern “Return-Hubs”: Dat ass een neien Ausdrock an der EU. Gemengt si Flüchtlingscampe baussent der EU, vu wou aus d’Retoure vu refuséierten Demandeurs d’asile géifen organiséiert ginn.

Lëtzebuerg net géint “Return-Hubs”

Eng Diskussioun ënner anerem doriwwer steet haut um Donneschdeg um Ordre du jour vun der Reunioun vun den EU-Innenministeren um Kierchbierg.

Am Virfeld vun där Reunioun hat Lëtzebuerg scho mat 16 aneren EU-Länner ee Pabeier matgedroen, dee sech fir ee Paradigmewiessel bei de Retoure vu Refugiéen an der EU ausschwätzt.

Deem Pabeier no sollen d’Retoure vun ofgeleenten Asyldemandeure beschleunegt a vereinfacht ginn. Am Gespréich sinn och Zentere baussent der EU. Lëtzebuerg ass do net dergéint, seet de Léon Gloden.

"Mir ënnerstëtzen déi Initiativ fir d'Direktiv, de Projet vun der aler Direktiv nei ze verhandelen. E wichtege Bauelement vun enger effikasser Immigratiounspolitik an Asylpolitik ass, datt déi Leit, déi d'Konditiounen net erfëllen, och kënne schnell an hir Heemechtslänner oder an Drëttstaaten zeréckgefouert ginn."

Paradigmewiessel: Refuséiert Demandeurs d’asile responsabiliséieren

Nei wier, datt déi Persounen, déi keen Asyl kréien, a sech deemno illegal an der EU ophalen, dofir responsabiliséiert ginn. De Pabeier schwätzt sech dofir aus, datt déi Leit selwer Konsequenze mussen droen a bestrooft solle ginn.

"Et muss een einfach verstoen, wann ech d'Konditiounen an engem Land net erfëllen, muss ech heemgoen, well soss hu mir net Plaze fir déi Leit, déi dann d'Konditiounen erfëllen. Mir strofen am Fong, wa mir dat do net hikréien, déi Leit, déi d'Konditiounen erfëllen, fir kënnen hei ze bleiwen."

Lëtzebuerger Jein zur externer Asylprozedur

Lëtzebuerg bleift awer dem Innenminister no dobäi, dat Refugiéen net sollen an een anert Land geschéckt ginn, fir do eng Asylprozedur ze duerchlafen. Lëtzebuerg wier weider géint dee sougenannte “Ruanda-Modell”, preziséiert de Léon Gloden.

"Lëtzebuerg huet ëmmer ganz kloer gesot, datt dee Ruanda-Modell fir eis net a Fro kënnt. Dat ass och d'Positioun vun der lëtzebuergescher Regierung."

Dee Modell hat Groussbritannie mat Ruanda ausgehandelt a gouf an Tëschenzäit vum neie Brittesche Premier Keir Starmer gekippt. Allerdéngs späert sech déi schwaarz-blo Regierung net méi prinzipiell dogéint, Asylprozedure baussent der EU ze organiséieren.

"Do ass een anere Modell, deen Italie mat Albanien huet, oder bilateral Verträg tëschent der Unioun an anere Länner. Mir si bereet, doriwwer matzediskutéieren."

Dee Modell, deen Italie mat Albanien ausgeschafft huet, ënnerscheet sech liicht vum Ruanda-Modell. D’Migranten, iert se iwwerhaapt e Fouss op europäesche Buedem gesat hunn, solle schonn am Mëttelmier ofgefaange ginn an dann an en Drëttstaat, beispillsweis d’EU-Bäitrëttslänner, bruecht ginn. Vun do aus kéinten se dann hir Asyldemande ufänken. 

Aktualitéit
Europa