Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréiere polnesche Vize-Minister kritt Asyl an Ungarn kritt

Trotz europäeschem Haftbefehl

Fréiere polnesche Vize-Minister kritt Asyl an Ungarn kritt

E fréiere polnesche Vize-Minister vun der PiS-Partei, deen a Polë wéinst Verontreiung gesicht gëtt, huet elo Asyl an Ungarn kritt. Den 48 Joer ale fréiere Minister gëtt mat engem europäeschen Haftbefeel gesicht.

auto_stories

1 min

© Tupungato/Adobe Stock
Foto: Tupungato/Adobe Stock

Gëschter um Donneschdeg huet Ungarn dem 48 Joer ale Romanowski Asyl accordéiert, wat fir Spannungen tëscht béide Länner suergt. Polen huet säin Ambassadeur zu Budapest zeréck op Warschau geruff, an den ungareschen Ambassadeur gouf convoquéiert, fir him e Protestbréif ze ginn.

De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet Ungarn schaarf kritiséiert a sot zu Bréissel, datt hien net wosst, datt an Zwëschenzäit korrupt Fonctionnairen tëscht Belarus an Ungarn wiele kéinten, fir Schutz ze froen, mee déi géifen ëmmer Asyl an engem Land froen, dat vu Politiker regéiert gëtt, déi sou si wéi si.