Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Mësstrauensvott géint nei Regierung ass gescheitert

Assemblée nationale

Frankräich: Mësstrauensvott géint nei Regierung ass gescheitert

Gëschter um Dënschdegnomëtteg gouf an der franséischer Assemblée nationale iwwert e Mësstrauensvott géint déi néi Regierung vum Premier Michel Barnier ofgestëmmt. D’Motion de censure vun der Gauche krut net déi néideg Majoritéit. Dem Sozialistechef Olivier Faure no, well de rietsextremen RN d’Regierung am Amt hält. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Max Tholl (Paräis)

Um Enn war et eng kloer Affaire: Nëmmen 197 Deputéiert hu fir de Mësstrauensvott gestëmmt an domadder däitlech manner, wéi déi 289, déi néideg gewiescht wieren.

RN wëll de Barnier regéiere loossen

D’Motion de censure gouf vun de Sozialisten agereecht a vun alle Parteie vun der Lénksallianz Nouveau Front Populaire ënnerstëtzt. Schonn am Virfeld hat de Sozialistechef Olivier Faure awer kloergestallt, datt de Mësstrauensvott wuel wéineg Chancen hätt, ouni d’Stëmme vum rietsradikale Rassemblement National. Dësen, sou de Faure, géing d’Regierung am Amt halen a sou "d’Macronie" fortsetzen. An der Assemblée nationale huet de Faure dëse Virworf nach eemol opgegraff

Den RN wëll mat engem Mësstrauensvott nach ofwaarden an de Barnier regéiere loossen. De Premier selwer sot, hie wéisst, datt hie keng absolut Majoritéit vun der Wielerschaft kritt hätt. Déi hätt awer och d’Gauche net kritt. 

La France Insoumise bréngt Destitutioun an d'Spill

D’Lénksallianz wollt awer net nëmmen de Barnier a seng Regierung zu Fall bréngen, mee och de President Emmanuel Macron. D’Lénkspartei La France Insoumise hat eng sougenannt Destitutioun, also een Ofdanke vum Macron, an d’Spill bruecht.

Gëschter huet d’Conférence des Présidents vun der Assemblée awer decidéiert, datt dës Propos net wäert examinéiert ginn. D’Gauche wollt mat der Mesure en Debat public iwwert dem President säi Verhale bei der Regierungsformatioun forcéieren.

Lauschterenplay_arrow