Et wier eng politesch Decisioun, d’Magistratur fir Net-Lëtzebuerger opzemaachen, fir dem Personalmanktem bäizekommen, sou d’Martine Solovieff. De Moment wier dat net ugeduecht, mee d’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéilt d’Konditiounen, fir an d’Magistratur eranzekommen, opmaachen.
“Fir den Ament ass et jo sou: Éischtens musst Dir d’Cours complémentaires gehat hunn, dann e Joer bei engem Affekot oder bei engem Notär geschafft hunn, an da gitt Dir zu den Examen zougelooss, respektiv musst Dir 5 Joer bei engem Affekot geschafft hunn.”
De Projet de loi, fir dat ze änneren, léich an der Chamber, an et géif een hoffen, iwwer dee Wee nei Magistraten ze fannen.
"5 Joer goufe verluer"
Wat de Plazmanktem an der Cité judiciaire ugeet, wier déi scho beim Eraplënneren 2008 ze kleng gewiescht, sot d’Procureure générale d’État. Déi al Nationalbibliothéik war een 2019 ewell besichen, mee de Projet de loi dozou wier eréischt am Hierscht deposéiert ginn, spréch et hätt ee 5 Joer verluer. Wann déi fréier Nationalbibliothéik bis ëmgebaut wier, wiere mir schonn 2030, an d’Steierverwaltung wier wuel eréischt 2027 eidel.
E weidere Constat war deen, datt op de Geriichter ëmmer méi Affären ausgesat ginn. Et géif wuel en Datum ausgemaach ginn, mee da kéim eppes dotëscht.
"Sief et datt den Affekot keng Zäit huet oder krank ass, sief et datt den Zeien net ka kommen, de Beschëllegten op eemol, en dernière minute den Affekot changéiert. A leider Gottes mierke mir e gewëssenen Trend, datt ëmmer méi Affären ausgesat ginn.”
Kommunikatioun wier ausbaufäeg
D’Kommunikatioun vun der Justiz dann huet d’Martine Solovieff “net perfekt” genannt. Dobäi misst een awer och een Equiliber fannen.
"Op där enger Säit hutt Dir d’Recht vum Public, fir eppes gewuer ze ginn, an op där anerer Säit hu mir de Secret de l’instruction an d’Présomption d’innocence.”
An déi zwou Saachen an d’Gläichgewiicht ze bréngen, wier net ëmmer evident.
De John Petry gëtt den 1. Februar neie Procureur général d‘Etat. Hie war bis elo Adjoint.