D'Regierung wéilt virum Summer hir Virschléi fir eng Reform vum Pensiounssystem presentéieren. Dat huet si gëschter um Enn vun de parlamentareschen Debatte schonn annoncéiert. Ob do awer elo ee Projet de Loi dobäi erauskënnt, wéisst si net.
Aus den Diskussiounen huet sech bis elo ënner anerem erauskristalliséiert, datt d’Studiejore weider sollen ugerechent ginn, an d’Cotisatioune just am absolutten Noutfall sollen eropgesat ginn. De legale Pensiounsalter soll bei 65 Joer bleiwen.
D’Fro vun der Finanzéierung bleift dobäi nach oppen.
D'Inspection Générale de la Sécurité Sociale hat fir d'Debatt ausgerechent, datt d'nächst Joer schonn d'Depensë vum Pensiounsfong méi héich kéinte si wéi d'Recetten. An der Debatt gouf et ee Konsens, datt ee misst de Pensiounsfong reforméieren.