Radioen

On air

De Moien  |  Georges Rassel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liz Braz iwwer Pim Knaff: Bierger:innen zu Esch si frustréiert

Esch

Liz Braz iwwer Pim Knaff: Bierger:innen zu Esch si frustréiert

“Enorm geschwächt” – sou beschreift d’Oppositiounspolitikerin Liz Braz, d’Dräierkoalitioun tëscht CSV, DP an déi gréng zu Esch. Deen Zoustand géif der Oppositioun d’Aarbecht an Zukunft vill méi einfach maachen, fënnt d’LSAP-Conseillère an Deputéiert am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Liz Braz | © Chris Zeien play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Dat géif zemools fir Finanzdossiere gëllen. Zum Beispill dee ronderëm d’Kultur-ASBL “FrEsch”. An där hirer Comptabilitéit géif et eng Rei Ongereimtheet géif ginn, déi d’LSAP e Freideg am Gemengerot op een Neits wëllt thematiséieren, betount d‘Liz Braz.

Bierger sollen hirer Frustratioun „fräie Laf loossen“

D’Fuerderung no enger Demissioun vum Pim Knaff ass an hiren Aen nach net vum Dësch. Dat géifen hirer Meenung no och d‘Biergerinitiative weisen.

„Dat si wierklech d'Bierger zu Esch, déi frustréiert sinn, an déi sollen elo hirer Frustratioun fräie Laf loossen an dem Pim Knaff dat dann och ze spiere ginn. Et sinn net nëmme Politiker, déi hei wëllen e politescht Spill oder sou féieren.“

Dat lescht Wuert wier nach net geschwat an nach hätt de Pim Knaff Zäit, ze demissionéieren, fënnt d‘LSAP-Deputéiert.

Keen Usproch fir an der Partei-Hierarchie ze klammen

An der Chamberaarbecht wier d‘Liz Braz mëttlerweil ukomm a géif sech virun allem ëm d‘Digitaliséierung këmmeren. Nach steet si "ënner Welpeschutz". Wéinst hire gudde Resultater bei den Europawale géif si och keen Drock verspieren an erhiewt keen Usproch fir an der Partei-Hierarchie ze klammen.

"Mir hu vill gutt Leit, déi dat de Moment gutt maachen", esou déi Deputéiert. Déi fräi Posten déi an de nächste Jore wäerte kommen, sollen och u Jonk Leit goen, fënnt d‘Liz Braz.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview