Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: CSV gëtt Usproch op EU-Kommissär-Posten net op

Zukünfteg EU-Kommissioun

Luc Frieden: CSV gëtt Usproch op EU-Kommissär-Posten net op

De Luc Frieden gesäit nom Ausgang vun den Europawalen kee Grond, den Usproch vu senger Partei op de Poste vum Lëtzebuerger Kommissär opzeginn. Dat verdäitlecht hien am 100,-7-Interview. Et kéint net sinn, datt Europa Lëtzebuerg diktéiert, wat et ze maachen hätt.

auto_stories

1 min

headphones

18 min

play_arrow

Am Koalitiounsvertrag ass festgehal, datt d'CSV d'Virlagsrecht huet. D'Resultat vun e Sonnden hätt och näischt doru geännert.

Wann déi europäesch Sozialisten hir Zoustëmmung fir d'Ursula von der Leyen un ee wichtege Poste fir hire Spëtzekandidat an der Kommissioun géife bannen, misst een doriwwer schwätzen, esou de Premier. 

"Mee dat heescht dann och zum Beispill, datt mir kéinte blockéieren, datt e Sozialist President vum europäesche Conseil gëtt."

Den nächste Méindeg ass en informelle Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, op deem en 1. Tour soll gedréint gi ronderëm d’Personalentscheedungen, déi elo ustinn. Dat am Hibléck op de reguläre Sommet vum 27. an 28. Juni, wou dann Neel mat Käpp solle gemaach ginn.

Am 100,7-Interview steet de Premier och Ried an Äntwert iwwer seng Annoncen a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun.


Lauschterenplay_arrow

 
Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview