Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Passt eng Wäermepompel bei mäin Haus?

Energietransitioun

Passt eng Wäermepompel bei mäin Haus?

Ronderëm d'Wäermepompel stelle sech ganz vill Froen: Geet dat iwwerhaapt, och wann ech ee méi aalt Haus hunn? Wou kann ee se installéieren a rentéiert se sech iwwerhaapt? D'Christiane Kleer war op d'Sich no Äntwerten.

auto_stories

1 min

headphones

21 min

play_arrow
Lénks: Christian Reuter, riets: Paulo Faim (Foto: Christiane Kleer)

Et ass fir déi meeschte Leit net onbedéngt einfach, déi beschte Léisung als Heizungsersaz ze fannen. Ëm d‘Wäermepompel gouf déi lescht Méint a Joren deelweis ganz kontrovers diskutéiert. Fir et dann nach méi komplizéiert ze maachen, gëtt et net fir all Gebai déi eng richteg Léisung.

De Paulo Faim ass Installateur vu Wäermepompelen. Hie setzt sech dagdeeglech mat de Froen auserneen, déi d‘Leit sech virum Kaf vun enger Wäermepompel stellen. Entgéint der Erwaardung vu Villen, kënne Wäermepompelen och an alen Haiser installéiert ginn, betount de Paulo Faim. A se maachen och net esou vill Kaméidi, wéi dacks gefaart gëtt.

D‘Installatioun géif och ëmmer méi Leit interesséieren, erkläert iwwerdeems de Christian Reuter vun der Handwierkerfederatioun.

Dat ganzt Gespréich lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Nohaltegkeet