Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Poirier: Lëtzebuerger gi sech der Schicksalgemeinschaft mat den Nopere méi bewosst

Auslännerwalrecht

Philippe Poirier: Lëtzebuerger gi sech der Schicksalgemeinschaft mat den Nopere méi bewosst

D‘Oppositioun géint d‘Auslännerwalrecht gëtt méi kleng. Dat seet de Politolog Philippe Poiriet vun der Uni.lu. D‘Prioritéite vun Auslänner:innen a Lëtzebuerger:inne géifen och ëmmer méi no zesumme réckelen, ass eng Conclusioun vun der Polindex-Etüd. Iwwerdeems erkläert hien d'Neiwalen a Frankräich als "onerhéierte Risiko".

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Lëtzebuerger:innen an d’Auslänner:innen, déi hei am Land liewen, géifen an hire Wäerter, hire Suergen an hirem politesche Verhalen ëmmer méi no zesumme réckelen. Dat ass eng zentral Conclusioun vun der neier POLINDEX-Etüd vun der Uni Lëtzebuerg, déi dës Woch presentéiert gouf.

Trend ass net nei

Deen Trend zu enger ëmmer méi grousser Konvergenz wier net nei, hätt sech awer an der Lescht acceleréiert, seet de Politolog Philippe Poirier am 100,7-Interview. Dofir géifen d’Walen zu Lëtzebuerg och net anescht ausgoe wéi haut, wann d’Auslänner:innen d’Walrecht hätten.

Iwwerdeems gëtt d’Oppositioun géint d’Auslännerwalrecht hei am Land méi kleng. Just nach 50 Prozent vun de Lëtzebuerger si strikt dogéint. Am Referendum virun 9 Joer haten nach 80 Prozent vun de Wieler:innen Nee dozou gesot. De Philippe Poirier nuancéiert awer.

"De plus en plus de Luxembourgeois prennent conscience qu’ils ont aussi une communauté politique de destin avec leurs voisins résidents étrangers."

An engem Referendum géif villäicht nach eng ganz aner Dynamik duerch Campagnen entstoen, wéi a sou enger Ëmfro. Et wier och net déi éischter Kéier, datt déi Tendenz sech ännert.

Neiwalen a Frankräich en "onerhéierte Risiko"

D’Decisioun vum franséische President fir d’Parlament opzeléise wier e "risque insensé", en onerhéierte Risiko, seet de Politolog. Dem Emmanuel Macron seng eege Partei an hir Alliéiert wiere quasi ouni Chance, d’Neiwalen a 14 Deeg respektiv 3 Wochen ze gewannen.

Heescht dat, datt de President d’Wale vläicht guer net gewanne wëll, mee drop setzt, datt de Rassemblement national oder de lénke Front populaire an der Regierungsverantwortung versoen? Déi Rechnung wäert net opgoen, mengt de Philippe Poirier.

„Ce pari sur l’avenir de dire qu’on va essouffler les adversaires politiques: dans toute l’histoire politique, cela s’est toujours retourné contre l’initiateur.“

D’Course tëschent der Extrême-droite an der Lénks-Allianz hält de Philippe Poirier fir relativ oppen.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview