Radioen

On air

Simon Says  |  Manu Chao - L'automne Est Làs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jerry Grbic: Och d'ABBL gouf vun der Annonce vun der ING iwwerrascht

Bankesecteur

Jerry Grbic: Och d'ABBL gouf vun der Annonce vun der ING iwwerrascht

Och d’ABBL gouf vun der Annonce vun der ING iwwerrascht. Dat confirméiert de CEO vum Bankeverband.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Jerry Grbic | © Chris Zeien play_arrow
De Jerry Grbic ass Direkter vum Bankeverband ABBL. (Foto: Chris Zeien)

De Jerry Grbic wollt déi strategesch Decisioun vun der ING net kommentéieren, huet awer ugekënnegt, datt d’ABBL eng Hand mat upake wéilt, fir den Transfert vun de betraffene Clientë bei eng aner Bank esou onkomplizéiert wéi méiglech ze gestalten.

Et wier wichteg, datt all Client weiderhinn e compte courant hätt, iwwer dee se hir Payementer an Transferte kënne maachen. Haut wier et iwwerdeems net méi sou einfach fir e Kont opzemaachen, d‘Regulatioun fir hei staark eropgaangen an dofir missten d‘Banke vill méi Renseignementer froen.

Aner Banke wäerte Clienten iwwerhuelen

Rumeuren, datt aner Lëtzebuerger Banken et der ING nomaachen an och aus dem Geschäft mat de klenge Privatclienten erausklamme kéinten, huet de Jerry Grbic iwwerdeems dementéiert.

D‘ING hätt festgestallt, datt se am „retail“ Secteur net méi genuch wuesse kéint. Aner Banken hätte confirméiert, datt se weiderhi Lëtzebuerger Cliente wäerten zerwéieren, sou de Jerry Jerry Grbic.

Lauschterenplay_arrow


Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Wirtschaft