Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanneraarmut: “Vill Aidë kommen net u wou se gebraucht ginn”

Gesellschaft

Kanneraarmut: “Vill Aidë kommen net u wou se gebraucht ginn”

Vill sozial Hëllefe kommen net bei deene Leit un, déi se brauchen. Dat seet d’Vizepresidentin vum Verband fir Sozialaarbecht. D’Petra Böwen mengt, dat wier ee vun de Grënn firwat ëmmer méi Kanner riskéieren an d’Aarmut ze rëtschen.

auto_stories

2 min

© Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

Et géifen zwar vill staatlech Mesuren an deem Beräich ugebuede ginn, esou d’Vize-Presidentin vun der Ances. Déi betraffe Famille wéissten awer dacks net, datt et déi Mesurë ginn. Oder awer si géifen zécken, se unzefroen, well se fäerten, datt se d’Suen, déi se kréien iergendwann musse rembourséieren, seet d’Petra Böwen.

„Et gëtt Situatiounen, wou ee muss zeréckbezuelen. Zum Beispill, wann een eng Ierfschaft mécht, oder zu Verméige kënnt.“

Hypothéiken op Immobilie géifen deemno dacks vun de Kanner verierft ginn.

Aarmutsrisiko bei Jonke besonnesch héich

Bei Jonken am Alter tëscht 18 a 24 Joer ass de Risiko an d’Aarmut ze fale besonnesch héich. D’Petra Böwen féiert dat ënnert anerem drop zeréck, datt een de Revis als Mindestakommes eréischt mat 25 Joer kann ufroen.

Eng ganz Grupp vu Leit géif also duerch dat Raster falen.

„Natierlech kënnen déi op d’Aarbechtsamt goen. Si kënnen u Mesurë fir Jugendlecher participéieren.“ Jee no Familljeverhältnis wier dat awer schwéier. Besonnesch wa si och keng Léier gemaach hunn, betount d‘Petra Böwen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview