Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heescheverbuet: Xavier Bettel gesäit keng Gefor fir de Rechtsstaat

Aktuell Diskussiounen

Heescheverbuet: Xavier Bettel gesäit keng Gefor fir de Rechtsstaat

Den Ausseminister Xavier Bettel gesäit an der aktueller Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet keng Gefor fir de Lëtzebuerger Rechtsstaat. Hei am Land géif de Rechtsstaat funktionéieren, esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Den Ausseminister Xavier Bettel. (Foto: Jo Diseviscourt)

Iwwer d’Heescheverbuet géif et zwar verschidde juristesch Interpretatioune ginn, mee d’Regierung an de Stater Gemengerot hätten der aggressiver Heescherei och net einfach kënne nokucken.

“Et gouf eng Urgence an der Matière. An ech muss Iech soen, datt d’Gemeng Lëtzebuerg, an d’Buergermeeschtesch, an d’Vertrieder am Gemengerot, déi Inaktivitéit, déi ganz laang an deem Dossier war, well een net richteg wousst, wéi een dee soll upaken, datt dat och keng Äntwert war. Dofir ass déi Decisioun och geholl ginn. An all Regierungsmember steet och hannert där Decisioun.”

Fir déi juristesch Onsécherheete ronderëm d’Heescheverbuet aus der Welt ze schafen, wéilt d’Regierung iwwerdeems de Code Pénal iwwerschaffen, esou nach de Xavier Bettel. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft