Der Hypothees no kéint ëm 2070 d'Situatioun entstoen, datt et méi Pensionäre gi wéi Aktiver. Dat bedeit, datt méi Leit vum System musse finanzéiert ginn, wéi Leit an de System abezuelen, erkläert den Tom Dominique.
Op d'Fro, datt et eventuell och Wirtschaftswuesstem kéint ginn, ouni datt méi Leit musse beschäftegt sinn, beispillsweis duerch Kënschtlech Intelligenz, huet den Tom Dominique erkläert, de System wier fir den Ament esou opgebaut, datt déi Leit déi schaffen, déi finanzéieren, déi net méi schaffen.
IGSS war am Austausch mat de politesche Parteien
Am Virfeld vun der Chamberdebatt haut um Mëttwoch iwwer eng méiglech Reform vum Pensiounssystem hunn d'Parteien d'Inspection generale de la securité sociale IGSS als Beroder derbäi konnten huelen, seet den Tom Dominique.
Den Direkter vun der IGSS geet och dovun aus, datt d'Äntwerten, déi si den Deputéierten d'lescht Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert hunn, als Basis fir d'Reflexiounen an der Chamber wäerte genotzt ginn. Et wiere ganz konkret Ufroen u si erugedroe ginn.
"Ech ginn dovun aus, datt spéitstens dat Dokument, dat herno am PV vun der Chamberskommissioun publizéiert gëtt. A spéitstens do, wann dee PV an der Kommissioun ugeholl gëtt, sinn déi och an der Ëffentlechkeet."