Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Hoffen, datt Vertrauensmëssbrauch bestrooft gëtt – an net d'Vertrauen”

No Bedruch

“Hoffen, datt Vertrauensmëssbrauch bestrooft gëtt – an net d'Vertrauen”

“Mäi Bléck geet no vir”, seet de Caritas-Generaldirekter Marc Crochet am 100,7-Interview. D’lescht Woch ass bekannt ginn, datt d’Organisatioun 61 Milliounen Euro geklaut kritt huet an eng héich gestallte Persoun ënner Verdacht steet. Elo wëll de Marc Crochet déi intern Prozedure verstäerken.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Konsequenze vum Bedruchsskandal – och fir seng eege Persoun - sinn awer nach net ganz ofzegesinn. 

D’Mataarbechter:inne kéinte sech drop verloossen, datt si hir Pai weider kréien. Dat ass och de Message, deen de Marc Crochet de Moien an enger Personalreunioun wollt ginn.

“Ech trieden um 10 Auer viru meng Mataarbechter an ech muss deene kënne soen, wat ech weess, méi wéi Iech nach, an ech kann Iech soen, dass mir d’Paien um Enn vum Mount bezuelen. Mir haten nach Konten, déi elo hei net affektéiert sinn, wou och zum Deel nach Sue sinn, déi fir kuerz Zäit ugeluecht waren."

Elo misst mat de Banke gekuckt ginn, datt déi Sue mobiliséiert kënne ginn, fir d'Paien ze bezuelen.

D’Personal soll och psychologesch Hëllef ugebuede kréien, méiglecherweis vun aneren Organisatiounen, déi dann dofir ëffentlech Gelder géife kréien.

"Ech hu bannent Sekonne verstan, wat geschitt ass"

D’Bedruchsoperatioune sollen iwwerdeems zënter ufanks dës Joers amgaange gewiescht sinn. Him wier nom Retour aus sengem Congé ufanks Juli selwer ganz séier opgefall, datt et ongekläerten Iwwerweisungen a Spuenie ginn.

Vum 16. Juli un hätt hie sech ee Bild vun de leschten Transaktioune gemaach, sou de Marc Crochet. "Ech si bannent enger Véirel Stonn fündeg ginn an ech hunn an Zäit vu Sekonne verstan, wat geschitt ass."

"Eng aarm Organisatioun"

D’Caritas hätt iwwregens ni 61 Milliounen an der Reserv gehat. “Mir sinn eng aarm Organisatioun”, sou de Marc Crochet. 28 Milliounen hätt een ugangs dës Joers gehat, dorënner 3 Milliounen Euro u Spenden. Wéi déi bis fort waren, wier vun der verdächtegter Persoun eng Kreditlinn opgemaach an och déi Suen an d’Ausland iwwerwise ginn.

Sourcen, déi mat der Matière vertraut si, soen, et wieren effektiv zwou Bedruchsaktioune ginn: Engersäits wieren tëscht Februar a Juli a reegelméissegen Ofstänn Viremente vun e puer honnert Dausend Euro op e spuenesche Konto gemaach gi fir e Montant vu ronn 33 Milliounen Euro. Zweetens wier wärend dem Congé vum Generaldirekter Marc Crochet am Juni Kreditlinne an Héicht vun 28 Milliounen Euro gezu ginn déi och dono verontreit goufen.

Hie selwer hätt réischt méi spéit festgestallt, datt d’Banke Froen opgeworf hätten, mee et géif sou ausgesinn “wéi wann déi Persoun déi gefrot ginn ass, déi Persoun ass, géint déi d’Plainte bei der Police leeft”, erkläert de Marc Crochet.

Opruff keng Donen ze iwwerweisen

Hie kann den Ament net direkt feststellen, datt d’Caritas duerch d’Bedruchsaffär vill Vertraue vu bausse verluer hätt.

“D’Regierung huet jo lo net gesot: ‘Ech mësstrauen der Caritas'”, seet de Caritas-Generaldirekter, deen hofft, datt d’Regierung hir Projete weiderhi sou ënnerstëtzt wéi bis elo. Och d'Donateure géife sech mellen an der Caritas hiert Vertrauen ausschwätzen. De Marc Crochet rifft awer op, eréischt erëm Donen ze iwwerweisen, wann d’Organisatioun ausdrécklech dozou oprifft."

De Generaldirekter vun der Caritas wëll seng Organisatioun elo duerch d’Kris féieren.

“Ech sinn deen, deen als Kapitän wëll als lescht vu Bord goen a mam Boot ënnergoen.”

De gréisste Feeler war deen, ze vertrauen

En attendant kéint hie just soen, datt hien alles gemaach hätt, fir mat de Suen anstänneg ëmzegoen. Dee Béise wier net d’Caritas, mee deen, deen d’Vertraue mëssbraucht hätt.

“Dee Béisen ass deen, dee sollt bestrooft ginn. An ech mengen, Vertrauensmëssbrauch gëtt bestrooft, hoffentlech, an eiser Gesellschaft, an net d'Vertrauen. Mir sinn déi Leit, déi vertraut hunn."

Ze vertraue wier dee schlëmmste Feeler, dee gemaach gouf. "Wann dat eppes ass, fir dat ee muss an de Prisong goen, majo da ginn ech”, esou de Marc Crochet.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Justiz
Politik a Gesellschaft