arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg hätt zejoert seng Reduktiounsziler fir CO2-Emissiounen erreecht

Provisoresche Bilan

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Lëtzebuerg hätt zejoert seng Reduktiounsziler fir CO2-Emissiounen erreecht

Dem provisoresche Bilan vun den Zäregasemissiounen no, huet Lëtzebuerg seng Reduktiounsziler erreescht, seet de Klimatolog an Direkter fir europäesch an international Affären am Ëmweltministère. Den definitive Bilan kënnt allerdéngs eréischt am Mäerz, deemno kéinte sech nach Daten änneren.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Eréischt am definitive Bilan kéint een d’Zäregasemissiounen op déi eenzel Secteuren opdeelen, esou den Klimatolog. Dat hat och de Mouvement écologique rezent kritiséiert. D’Ëmweltorganisatioun geet dovunner aus, dat notamment an der Industrie an de Gebaier an an der Offall- an Ofwaassergestioun d’Emissiounen iwwer dem gesate Seuil leien.

Den Andrew Ferrone gëtt am 100,7 Interview zou, datt d’Ziler an eenzele Secteuren, wéi se am Règlement grand-ducal festgeluecht sinn, warscheinlech net erreecht kënne ginn. Dat géif och eng Projektioun vum Statec weisen.

"An déi ass vill méi detailléiert wéi dat, wat deemools verfügbar war, wéi mer dee Règlement grand-ducal geholl hunn. An déi huet bewisen, datt effektiv an."

Manner Primme fir Elektroautoe si gerechtfäerdegt

Fir d’Mobilitéit gesäit et iwwerdeems besser aus. Do géifen d’Chifferen drop hindeiten, datt een d’Ziler erreecht. Mee och do ass de Constat, datt de Verkaf vun den Elektrogefierer réckleefeg ass. Ënner anerem wier dat op déi méi déif Primme beim Kaf vun Elektroautoen zeréckzeféieren. Eng Decisioun, déi den Andrew Ferrone trotzdeem fir gerechtfäerdegt hält. Ënner anerem géif et lo jo och Primmen op Occasiouns-Elektrogefierer ginn. An et géif vill op den ëffentlechen Transport gesat ginn.

"Virun allem den Zuch sinn amgaangen d'Chiffere vu Leit, déi den Zuch huelen, staark eropzegoen. Den Tram an der Stad ass en absolutten Erfollegsmodell. Och d'Busse sinn amgaange méi benotzt ze ginn. Och do si mer amgaangen alles op Elektro ëmzestellen."

Ugepasste Klimabiergerrot

Och d’Biergebedeelegung soll an der Klimatransitioun eng wichteg Roll spillen. Dofir soll och de Klimabiergerrot nees en Place gesat ginn. Deen leschten an och éischte Klimabiergerrot gouf an der leschter Legislaturperiod an d’Liewe geruff. Dës Kéier soll e méi transparent sinn, an och duerch méi kritesch Stëmme vertruede sinn, esou den Andrew Ferrone. Duerch ee méi cibléierten Asaz sollen d’Memberen och manner ënner Zäitdrock stoen.

Jidderee soll sech iwwer eng App kënne fir de Biergerrot mellen, déi d'nächst Joer vum LISER lancéiert wäert ginn.

"An op Basis vun deene Froe gesi mir, wat dem Bierger effektiv wichteg ass. An op Basis vun deene Froe wäerte mir dann de Klimabiergerrot op spezifeschen Theemen aktivéieren."

play_arrow Lauschteren