Radioen

On air

Al Schanken  |  Nick Cave - The Ship Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'FGFC wënscht sech een eenheetleche Kollektivvertrag fir all Gemengesalarié

Gewerkschaft vum Gemengepersonal

D'FGFC wënscht sech een eenheetleche Kollektivvertrag fir all Gemengesalarié

Datt haut, nieft Fonctionnairen an Employéen, och ëmmer méi Salariéen an de Gemengeverwaltunge schaffen, ass fir d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC schwéier nozevollzéien.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Dräi Statute fir zum Deel déi selwecht Aarbecht ze maachen, awer zu ënnerschiddleche Konditiounen, wier net glécklech, sou den FGFC-President Claude Reuter.

Vun de 16.000 Leit, déi am Gemengesecteur schaffen, sinn der 5.000 fonctionariséiert. Déi aner 11.000 – Aarbechter virun allem, awer och ëmmer méi Leit an der Verwaltung, falen ënnert de Statut vum Salarié. Bäi déi Ënnerscheeder an den eenzele Gemenge kéimen dann nach Ënnerscheeder uechter d’Land derbäi, well et keen eenheetleche Kollektivvertrag fir 11.000 Gemengen-Aarbechter an – Employéen am Salariatsstatut gëtt.

Oppe fir Diskussioune mat de grousse Gewerkschaften

Fir seng Organisatioun, déi déi dräi Kategorië vu Gemengepersonal vertrëtt, wier dat och keen einfache Spagat.

„Mir sinn ee Secteur, mir sinn een ëffentlechen Déngscht, deen eng Déngschtleeschtung ofzeruffen huet. An déi schaffen nun emol zesummen. Dofir ass eis Vocatioun, eis Identitéit de Gemengesecteur. An do gehéiert nun eemol de Fonctionnaire, den Employé an de Salarié zu enger Unitéit.“

Fir d‘FGFC géif just ee kommunalen, sektorielle Kollektivvertrag Sënn maachen „fir dee ganze System, wéi mer fonctionnéieren, och bei de Salariéen oprecht ze erhalen“. Hie rechent och domat, datt déi grouss Gewerkschaften no de Sozialwalen oppe fir esou Diskussioune wäerte sinn.

Lauschterenplay_arrow