Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL an LCGB: Zwou Gewerkschaften, déi méi gemeinsam hunn, wéi ee mengt

Sozialwalen

OGBL an LCGB: Zwou Gewerkschaften, déi méi gemeinsam hunn, wéi ee mengt

D’Positioune vun OGBL an LCGB leien an de groussen Dossiere ganz no beieneen, fir net ze soen, se wieren zum groussen Deel identesch. Dat ass am Interview mat den zwee Gewerkschaftspresidenten Nora Back a Patrick Dury däitlech ginn.

auto_stories

3 min

headphones

17 min

play_arrow
D'Nora Back vum OGBL an de Patrick Dury vum LCGB. (Foto: Jo Diseviscourt)

A Saache Kollektivverträg grad ewéi an den anere groussen Dossiere weist sech, datt déi zwou grouss Gewerkschafte ganz no beienee leien. Fir d’Nora Back ass déi grouss Iwwerteneestëmmung ee weidert Argument fir eng Eenheetsgewerkschaft. De Patrick Dury ass op fir Collaboratiounen, vun awer weiderhin zwou eegestännegen Organisatiounen.

"Mir definéieren eis jo net géint een. Mir maachen de Leit eng Offer, mir bidden de Leit eng Panoplie vun Déngschter. Ech hunn ëmmer a mengem Liewen an der Gewerkschaft gemierkt, datt déi, déi sech oft mat anere Gewerkschafte beschäftegt hunn, net ganz vill Opweises hate bei sech selwer. Ech mengen, mir hunn Aarbecht genuch, fir d'Leit anzetrieden. Op deene groussen a schwieregen Dossieren ass den LCGB bereet, zesummenzeschaffen. Dat geet guer net anescht. An ech mengen, et ass och esou, wéi mir un déi ganz Affär eruntrieden."

Gläich Positioune bei den Theeme Kollektivvertrag a Pensiounen

OGBL an LCGB fuerderen zum Beispill och eng Reform vum Kollektivvertragsgesetz: d'Zil misst et sinn, datt 80 Prozent vun de Salariéen ënner Kollektivverträg schaffen, déi sektoriell ausgehandelt ginn, géintiwwer knapp iwwer 50 Prozent haut, wéi d’OGBL-Presidentin Nora Back präziséiert huet.

Theema Pensioune: do wieren OGBL an LCGB sech allebéid dergéint, datt un der fundamentaler Ausriichtung vum aktuelle System eppes geännert gëtt. Datt trotz engem legale Pensiounsalter vu 65 Joer, déi meescht haut mat knapps iwwer 60 an d’Pensioun ginn, ieär allerdéngs eng Diskussioun wäert, sou de Patrick Dury.

"Dat doten ass eng Diskussioun, fir d'Leit méi laang an der Aarbecht ze halen, déi mir zu dräi musse féieren. Dat sinn déi Concernéiert, déi mussen hir Situatioun kucken, ob se da wëlle méi laang schaffen. An un de Sozialpartner ass et e Kader ze formuléieren, datt d'Leit méi laang an där Aarbecht kënne bleiwen. Do verspäre mir eis enger Diskussioun net."

Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit: et ass ee gespréichsbereet

Gespréichsbereet sinn d’Gewerkschaften och a Saachen Organisatioun vun der Aarbechtszäit. Do huet déi nei Regierung wëlles, méi flexibel Modeller ze erméiglechen. Dat ass eng Perspektiv, déi d’Gewerkschaften zwar net begeeschtert, mee diskutéiere wäerte si trotzdeem, sot d’OGBL-Presidentin Nora Back.

"Déi Flexibiliséierung vun Aarbechtszäiten, dat ass jo eppes wat an zwou Richtunge ka goen. An dofir kënne mir eis ni einfach där Saach verspären. Mir schwätzen also iwwer Flexibiliséierung, mee dat soll awer net déi sinn, wou de Salarié zur fräier Verfügung vum Employeur steet a schaffe geet, wann e geruff gëtt an heemgeschéckt gëtt, wann en net méi gebraucht gëtt. Dat ass dat, wat mir musse verhënneren."

D'Sozialwale fannen a knapp dräi Woche statt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sozialwalen