Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inspiréiert um franséische Recht: En Deel vun der Reform vum Code pénal gouf virgestallt

Justizkommissioun

Inspiréiert um franséische Recht: En Deel vun der Reform vum Code pénal gouf virgestallt

An der Chamberkommissioun gouf um Donneschdegmoien ee Gesetzesprojet virgestallt, no deem déi einfach Heescherei aus dem Code pénal gestrach soll ginn. Dat ass Deel vun der annoncéierter Reform vum Code pénal. Mat dësem Text soll och déi aggressiv Mendicitéit méi genau definéiert ginn.

auto_stories

2 min

Den Alinea 6 vum Artikel 563, an deem et ëm déi einfach Heescherei gaangen ass, soll endgülteg aus dem code penal erausgeholl ginn. Virgesinn ass, datt déi einfach an déi organiséiert Heescherei duerch déi aggressiv Heescherei ersat ginn. Déi gréng Deputéiert a fréierer Justizministesch Sam Tanson ass mat dëser Formuléierung net zefridden.

"Et kënnt lo den Term “Aggressiv” an de code penal, en Term deen awer ganz vage ass, wou mir awer schonn aner Termen hunn, wéi Violence oder insultes, déi schonn am code pénal stinn, déi och vill méi kloer sinn.”

Vill Spillraum fir Interpretatioun

Zwar gouf sech hei um franséischen Text inspiréiert, an et goufen eng Rei Beispiller genannt, fir ze definéieren, wat alles ënner aggressiv Heescherei fält, mee der Oppositioun feelt et trotzdeem nach u Kloerheet. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana betount, datt et beim Begrëff vun der Aggressivitéit vill Interpretatiounsspillraum gëtt. Och dem Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum ass déi Notioun ze vage.

“Dat bleift dann herno awer eng subjektiv Wahrnehmung, soit vun deene Beamten, déi dat mussen ophuelen, soit vun deene Leit, déi dat denoncéieren.” 

Inneminister annoncéiert Gesetzesprojet fir Gemengereglementer

Um Heescheverbuet an der Stad ännert dësen Avant-projet-de-loi awer näischt. Wéi d’Justizministesch Elisabeth Margue erkläert, ass de code pénal nämlech net d’base légale vum Stater Gemengereglement. 

"Dat Stater Gemengereglement ass op Dekreeter baséiert aus dem Enn vum 18. Joerhonnert, wou lo ee Geriicht sech muss domat befaassen, ob dat lo konform ass mat eiser Constitutioun an eise Grondrechter.” 

Den Inneminister Léon Gloden huet ee Gesetzprojet annoncéiert, dee sech mat de Gemengereglementer befaasse soll, sou nach d’Prezisioun vun der Justizministesch Elisabeth Margue.

Aktualitéit
Justiz
Politik a Gesellschaft