Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Parquet ermëttelt géint Rietsextreemer, déi Juegd op Pedophiller wollte maachen

Justiz

Lëtzebuerger Parquet ermëttelt géint Rietsextreemer, déi Juegd op Pedophiller wollte maachen

De Parquet ermëttelt géint e puer rietsextreem Sympathisante wéinst Verstouss géint d‘Waffegesetz an Opruff zum Haass. Si solle Pedophiller iwwer Conversatioune mat falsche Profiller vu Mannerjäregen a sozialen Netzwierker wéi Telegram oder Tiktok an den Hannerhalt gelackelt hunn, fir se ze bestrofen. Dat nom Virbild vun engem verstuerwene russeschen Neonazi.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D'Anti-Terror-Sektioun vun der Police judiciaire huet op Uerder vum Untersuchungsriichter Haus a Kierperduerchsichunge bei jonke lëtzebuergeschen a franséischen Erwuessene gemaach, heescht et am Schreiwes vum Parquet.

D'Enquête leeft. De Parquet rappelléiert d'Présomption d'innocence.