Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Verurteelung: Donald Trump wëllt an Appell goen

Justiz

No Verurteelung: Donald Trump wëllt an Appell goen

Nodeem den Donald Trump zu New York an allen Uklo-Punkte schëlleg gesprach gouf, huet säin Affekot ugekënnegt, wëllen an Appell ze goen. Dat nodeem den 11. Juli decidéiert gëtt, wéi eng Strof de fréieren US-President kritt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Alessio Morgese

Sengem Affekot no, wéilt een argumentéieren, datt d’Membere vum Jury befaange gewiescht wieren, an datt den Zäitpunkt vum Prozess onfair gewiescht wier.

Et ass déi éischte Kéier, datt ee fréieren amerikanesche President wéinst enger Strofdot verurteelt gouf.

Am Prozess huet den Trump virgehäit kritt, bei de Presidentschaftswalen 2016, seng Chancë wollten ze verbesseren, duerch d’Bezuele vun 130.000 Dollar un eng Pornoactrice, fir datt si näischt iwwert eng Relatioun seet. Dës Zomm wier duerno net richteg verbucht ginn.

De 77 Joer alen Trump wäert bei de Walen am November dëst Joer viraussiichtlech géint den aktuelle President Biden untrieden.