Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'Heescheverbuet duerchzesetze war zäiteweis déi ganz Police judiciaire beschäftegt

Heescheverbuet

Fir d'Heescheverbuet duerchzesetze war zäiteweis déi ganz Police judiciaire beschäftegt

Un der Policeaktioun fir d‘Heescheverbuet duerchzesetze waren op d'mannst zäiteweis sämtlech Zerwisser vun der Police judiciaire bedeelegt, dat krut d‘LSAP op Nofro hi vum zoustännege Ministère confirméiert.

auto_stories

1 min

Dan Biancalana (Foto: Archiv)

Vu Säite vun der Policedirektioun war et och d‘Ausso, datt keng Observatiounen am Kader vum Dispositif spécial duerchgefouert gi wieren. Fir den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana bleiwen trotzdeem nach eng Rei Onkloerheete bestoen. 

Problematesch wier et weiderhin, datt deen Dispositif esou virgestallt gi wier, wéi wann en ëm d'Mendicitéit géif goen. E wier awer dunn op Drogebekämpfung ausgeweit ginn. D'Police hätt déi Verlagerungen och festgestallt. Dat géif och aus dem Bilan ervir goen, deen no e puer Méint gezu gouf. 

"Wann een dee ganzen Dispositif kuckt, deen agesat gouf, mat der Police judiciaire, mat de Beamten aus de Gemengen, par rapport zum Resultat. Dee Bilan dee gezu gouf, no deene puer Méint, weist ganz kloer, datt de Fokus op der Drogekriminalitéit loung an net, wéi initial, um Niveau vun der Mendicitéit."

 

Aktualitéit
Justiz
Politik a Gesellschaft