Radioen

On air

De Moien  |  Clairo - Sexy to Someone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet klasséiert "Affär Gaardenhaischen" ouni penal Suitten

Justiz

Parquet klasséiert "Affär Gaardenhaischen" ouni penal Suitten

D‘Carole Dieschbourg gëtt net an der sougenannter 'Gaardenhaischen Affär' ugeklot. D‘Instruktioun géint déi fréier Ëmweltministesch wéinst „prise illegale d‘intérêts“ gouf zougemaach, an den Dossier gouf ouni penal Suite klasséiert. Dat huet de Parquet matgedeelt. 

auto_stories

2 min

De Roberto Traversini virum Gaardenhaischen. (Foto: Archiv)

Den Untersuchungsriichter huet no der Enquête decidéiert, weder d'Carole Dieschbourg, nach de fréiere gréngen Déifferdenger Deputé Maire Roberto Traversini wéinst illegaler Aflossnam unzekloen.

D'Carole Dieschbourg hat virgehäit kritt, hire Parteikolleeg Roberto Traversini privilegéiert behandelt ze hunn. De fréieren Déifferdenger Deputé-Maire sengersäits soll ouni Autorisatioun Renovéierungsaarbechten u sengem Gaardenhaus an engem Naturschutzgebitt zu Nidderkuer gemaach hunn.

Déi fréier Emweltministesch weist sech an enger éischter Reaktioun ganz erliichtert iwwert d‘Decisioun vum Parquet.

Affär Gaardenhaischen: Een Historique

Juristesch gesi war also ni eppes gewiescht un der mëttlerweil berüchtegter Affär Gaardenhaischen, déi 2019 ugefaangen huet.

Den deemolegen Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini hat en Haus geierft an dorunner Renovatiounsaarbechten duerchféiere gelooss. Dat allerdéngs ouni déi néideg Autorisatiounen dofir gehat ze hunn. An dat obwuel d’Haus an enger Natura 2000 Zon läit.

D’Autorisatioun gouf nodréiglech vum Ëmweltministère ausgestallt. Der Ministesch Carole Dieschbourg gëtt doropshi virgeworf, hire Parteikolleeg bevirdeelegt ze hunn. Déi dementéiert dat awer. Den Dossier wier genee esou behandelt ginn, wéi déi aner 3.000, déi pro Joer agereecht ginn.

D’CSV, deemools an der Oppositioun, gräift de Ball op an attackéiert d’Ministesch vehement. An engem Avis juridique, deen d’Partei ufreet, heescht et, datt de Roberto Traversini eigentlech keng Autorisatioun hätt dierfte kréien. Donieft wier dës Autorisatioun däitlech méi séier ausgestallt ginn, wéi am Schnëtt.

Zwee Joer war et du roueg an der Affär bis de Parquet sech den 21. Abrëll 2022 per Communiqué zu Wuert gemellt huet: Et wier laut Verfassung un der Chamber ze decidéieren, ob d’Carole Dieschboug ka vun der Justiz gehéiert ginn, fir d’Enquête virun ze bréngen.

D’Ministesch mengt fir d’éischt, et géif just ëm d’Ophiewe vun der Immunitéit goen, an da kéint si sech erklären. Mee déi al Verfassung gëtt dem Parlament d’Méiglechkeet, fir d’Ministesch ze héieren an hir souzesoen am Plenum de Prozess ze maachen.

Fir dat ze verhënneren an och wuel fir hir Partei virun de Walen ze schützen, demissionéiert d’Ministesch nach de selwechten Dag. Eng sougenannte 'Loi Dieschbourg' gëtt duerno gestëmmt, fir datt d’Ex-Ministesch kann d’selwecht vun der Justiz behandelt ginn, wéi all aner Bierger:innen. E Punkt, deen esou och an der neier Verfassung virgesi wier, a mëttlerweil ëmgesat gouf.

Zwee Joer méi spéit elo huet den Untersuchungsriichter seng Enquête ofgeschloss

Mat der Decisioun vum Untersuchungsriichter bleift och d’Affär ëm de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini ouni Suitten. 

Aktualitéit
Justiz