Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy Leen - Black Summer Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Memberstaate mussen accordéiert Flüchtlingstatutten aus anere Memberstaaten net unerkennen

EUGH

EU-Memberstaate mussen accordéiert Flüchtlingstatutten aus anere Memberstaaten net unerkennen

En EU-Memberstaat muss net automatesch de Flüchtlingsstatut dee vun engem anere Memberstaat accordéiert ginn ass unerkennen. Dat geet aus engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff ervir.

auto_stories

1 min

Eng syresch Staatsbiergerin, déi 2018 de Flüchtlingsstatut a Griicheland accordéiert krut, hat duerno eng Demande fir internationale Schutz an Däitschland gemaach. En däitscht Geriicht hat entscheet, datt si net kéint a Griicheland zeréckgoen, well d‘Konditioune fir Flüchtlingen do onmënschlech wieren.

D’Demande fir de Flüchtlingsstatut an Däitschland gouf awer vun den zoustännegen Autoritéite refuséiert, si krut just de subsidiäre Schutz. Doropshin huet déi concernéiert Persoun Recours ageluecht. Dat däitscht Verwaltungsgeriicht wollt vum Europäesche Geriichtshaff wëssen, ob déi kompetent Autoritéit de Flüchtlingsstatut muss unerkennen, wann déi Persoun de Statut schonn an engem aneren EU-Memberstaat krut oder ob déi zoustänneg Autoritéiten d’Recht hunn eng komplett nei Analys vun der Demande ze maachen.

Den EUGH koum zu der Konklusioun, datt d‘Autoritéiten de Statut vun dem Land, wou d‘Demande fir d‘éischt gemaach gouf, zwar kënnen iwwerhuelen, awer net mussen.