Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Pim Knaff kritt en indirekt juristescht Nospill

Recours um Tribunal administrativ

Affär Pim Knaff kritt en indirekt juristescht Nospill

Déi Lénk vun Esch befaassen d’Verwaltungsgeriicht mat engem Virfall aus enger Gemengerotssëtzung. Den 21. Juni hat den CSV-Buergermeeschter Christian Weis eng Motioun vum lénke Gemengeconseiller Marc Baum net zum Vott gestallt. Dora war de Schäffe Pim Knaff invitéiert ginn, fir fräiwëlleg zréckzetrieden. Zwee Méint virdru war den DP-Politiker jo wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof condamnéiert ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Eric Ewald

De Marc Baum vun déi Lénk wëll sech den eegenen Aussoen no net domat zefridde ginn, datt déi Affär giess wier. Si wier et net, well et wier ze vill geschitt, sot de Politiker den Dënschdeg bei der Annonce vu sengem Recours.

De Christian Weis hat viru ronn 3 Méint refuséiert, fir iwwert déi Motioun ofstëmmen ze loossen. Doropshin, sou de Marc Baum, hätt hien den CSV-Inneminister an enger question parlementaire gefrot, ob de Léon Gloden intervenéiere wéilt.

"A senger Äntwert huet e mer gesot, en hätt net wëlles, doraus iergendwellech disziplinaresch Mesuren z’ergräifen, well d’Geriicht selwer net zu disziplinaresche Mesurë gegraff huet."

Recours stäipt sech op 3 Argumenter

No enger weiderer mëndlecher Fro dozou an der Chamber wier an dëser Affär zënter Juli näischt méi geschitt. No Recherchen, am Summer, mat Affekote wier dowéinst de leschte Freideg Recours um Tribunal administratif agereecht ginn. D’Argumenter wieren, datt de Buergermeeschter net d’Kompetenz hätt, fir d’Recevabilitéit vun enger Motioun z’appréciéieren, datt d’Motioun keng disziplinaresch Mesure géint de Pim Knaff war an datt den aktuelle gesetzleche Kader contraire zum Prinzip vun der Autonomie communale wier.

Den 21. Juni wiere grondsätzlech Prinzippie gebrach ginn, wat den Inneminister interpelléiere misst, huet den Escher Gemengeconseiller Marc Baum gemengt. Hie geet dovun ausgeet, datt dëse Recours an engem hallwe Joer um Verwaltungsgeriicht kéint an d’Sëtzung kommen. Eng änlech Affär hätt ee bei de juristesche Recherchen iwwregens net fonnt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz
National
Politik a Gesellschaft