Radioen

On air

Notturno  |  Baths - Wistful (Fata Morgana)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Néierlage fir d’US-Entreprisë Google an Apple de Méindeg virum Europäesche Geriichtshaff

Justiz

Néierlage fir d’US-Entreprisë Google an Apple de Méindeg virum Europäesche Geriichtshaff

Google muss eng Strof vun 2,4 Milliarden Euro bezuelen, wéinst Mëssbrauch vu senger maartdominanter Positioun. Apple muss am Sträit mat der EU-Kommissioun wéinst Steiervergënschtegungen, Milliarden un Irland nobezuelen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen

Apple muss Irland vun 13 Milliarden Euro plus Zënsen u Steieren nobezuelen, dat huet den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg de Moien decidéiert. Fir d’Technologieentreprise gouf et an dësem Sträit elo eng definitiv Néierlag virum héchsten europäesche Geriicht.

D’EU-Kommissioun hat schonn 2016 decidéiert, datt Apple d’Steiere misst nobezuelen. D’Riichteren hu mat hirer Decisioun vun haut ee viregt Urteel zugonschte vun Apple opgehuewen. 2020 hat et nach geheescht, d’EU-Kommissioun hätt net nogewisen, datt Steieraccorde vun Apple mat Irland eng verbuede staatlech Bäihëllef géifen duerstellen. Besonnesch Irland a Lëtzebuerg stoungen an der Vergaangenheet wéinst sougenannten "Tax rulings" an der Kritik.

EuGH: Google huet seng maartdominant Positioun mëssbraucht

Och fir déi aner US-Entreprise Google gouf et de Moien eng definitiv Néierlag. Den Europäesche Geriichtshaff huet eng Strof vun 2,4 Milliarden Euro vun der EU-Kommissioun aus dem Joer 2017 géint Google confirméiert. D’Entreprise huet hirem eegene Präisvergläichsservice bei Sichresultater een illegitimme Virdeel verschaaft, an huet domat seng maartdominant Positioun mëssbraucht, esou d’Riichteren.

Hannergrond vu béiden Urteeler vun haut war och d’Fro, ob d’Strategie vun der EU-Kommissioun am Ëmgang mat groussen Technologie-Entreprisen opgeet.

Lauschterenplay_arrow