Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino : Befreiung

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Joer Prisong wéinst onfräiwëllegem Doutschlag

Virun engem Joer bei Ell

Zwee Joer Prisong wéinst onfräiwëllegem Doutschlag

Zwee Joer Prisong, e Fuerverbuet vu 5 Joer, an eng Geldstrof: Dat huet d’Vertriederin vum Parquet um Donneschdegmoien um Dikrecher Geriicht an enger Affär vun onfräiwëllegem Doutschlag fir de Beschëllegte gefrot.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

An der Nuecht op den 1. Mee zejoert war tëscht Ell an Uewerkolpech e Mann vu 27 Joer nuets op engem Feldwee iwwerfuer an déidlech blesséiert ginn. D’Affer hat do geleeën, firwat, ass onkloer. E Mann vun haut 25 Joer huet dowéinst haut de Prozess gemaach kritt. An der Sëtzung sinn d’Vuë vun der Vertriederin vum Parquet an déi vum Ugeklote sengem Affekot wäit ausenee gaangen.

Als schlëmm Affär, déi ze verhënnere gewiescht wier, wann ee sech un d’Regele gehalen hätt, huet d’Procureure dat déidlecht Accident beschriwwen. De Me Baulisch, Affekot vum jonke Mann, huet dogéint gehalen, datt d’Accident net z'évitéiere war, well säi Client net hätt kënnen domat rechnen, datt eng Persoun um Feldwee leie géif. Dofir huet den Affekot de Fräisproch vu sengem Client gefuerdert.

Net déi éischte Kéier wéinst Alkohol um Steier ugeklot

Am struppevolle Sëtzungssall huet en Expert fir Accidenter ënnerstrach, datt um Feldwee e Fuerverbuet fir Autoe gëlle géif. D'Inspektioun vum Auto hätt erginn, datt den Ënnerbuedem beschiedegt war. Zum Zäitpunkt vun der Kollisioun hätt de Won eng Vitess drop gehat vun circa 60 bis 80 Kilomeeter an der Stonn. An den Ae vum Expert wier d’Accident vläicht bei 55 Stonnekilomeeter z’évitéiere gewiescht. Ënner anerem wann de Chauffeur net alkoholiséiert gewiescht wier. Dat war deen awer.

Dem zoustännege Policekommissär no hat de Mann ronn eng Stonn dono ronn 1,1 Promill opweises. De Polizist huet och betount, datt 3 Deeg onkloer war, ob de Beschëllegten oder säi Brudder gefuer war. Fir d’Vertriederin vum Parquet hat de Brudder am Ufank wuel d’Schold op sech geholl, well den Ugeklote schonn emol wéinst Alkohol hannert dem Steier veruerteelt gouf.

Moralesch Schold, awer net déi juristesch

"Et deet mer leed, wat geschitt ass. Ech géif et réckgängeg maachen, wann ech kéint.", huet de Beschëllegten ausgesot. Datt hien net direkt den 112 geruff hat, wat d’Vertriederin vum Parquet kritiséiert huet, huet de Mann domat erkläert, datt hien net méi gewosst hätt, wat maachen. Fir säin Affekot géif de Beschëllegte wuel d’moralesch Schold droen, awer net déi juristesch.

De Me Baulisch sot dann och, hie kéint déi gefrote Strof net novollzéien. De Me Marc Walch an de Me François Gengler hunn iwwerdeems, als Affekote vu 6 Parties civilen, am Ganze ronn 475.000 Euro Schuedenersatz gefrot.

D’Uerteel an dëser Affär ass fir den 10. Januar.

Lauschterenplay_arrow