Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Wadlé: Ambitiéise Programm fir d'Magistratur

Justiz

Philippe Wadlé: Ambitiéise Programm fir d'Magistratur

Et wier ee „ganz ambitiéise Programm“ vun der Regierung, fir 94 nei Posten an der Magistratur an 20 fir Attachés de Justice ze schafen. Dat fënnt de Philippe Wadlé Groupement des Magistrats Luxembourgeois am 100,7- Interview. 

auto_stories

1 min

headphones

16 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

De Premier Juge um Bezierksgeriicht an der Stad mécht och däitlech, datt d’Remuneratioun vun de Riichter:innen, hirer Aarbecht an hire Responsabilitéiten de Moment net ugepasst wier. Dem Philippe Wadlé no géif eng adequat Bezuelung vun de Riichter:innen zur Stäerkung vun hirer Onofhängegkeet bäidroen. 

„Dat erkläert, datt international oft de Verglach gezu gëtt, tëschent de Salairë vun de Riichter an dem salaire moyen vun engem Land. Wann een déi Vergläicher kuckt, do bilt Lëtzebuerg mat e puer anere Länner wierklech d’Schlussliicht.“

De Groupement des Magistrats Luxembourgeois gehéiert zanter 2010 zur Staatsbeamtegewerkschaft CGFP. De Gruppement vertrëtt ronn 230 Memberen, vun den am ganze ronn 300 Leit aus der Lëtzebuerger Magistratur.

Aktualitéit
Justiz