Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundesgeriichtshaff confirméiert Verurteelung vu KZ-Sekretärin

Däitschland

Bundesgeriichtshaff confirméiert Verurteelung vu KZ-Sekretärin

De Bundesgeriichtshaff an Däitschland huet am Appell d'Verurteelung vun enger fréierer Sekretärin vun engem Nazi-Konzentratiounslager confirméiert.

auto_stories

1 min

KZ-Sekretärin | © picture alliance/dpa/dpa/Pool | Christian Charisius
Foto: picture alliance/dpa/dpa/Pool | Christian Charisius

Déi haut 99-Joer al Irmgard Furcher war an éischter Instanz zu zwee Joer Prisong mat Sursis verurteelt gi wéinst Bäihëllef zum Mord vun 10.500 Mënschen am Nazi Vernichtungslager vu Stuffhof. Si huet do als Stenographin geschafft.

D'Urteel gëllt als historesch, well et weist, datt och Leit, déi op ënnergeuerdente Poste fir d'Nazie geschafft hunn, wéinst Massemord kënne schëlleg erkläert ginn. De Prozess ass warscheinlech och déi lescht Verurteelung an enger Affär an Zesummenhang mat de Massenhiriichtungen an Nazi-Däitschland.