Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Membere vum Rassemblement National sti viru Geriicht

Frankräich

Membere vum Rassemblement National sti viru Geriicht

Haut am Nomëtteg fänkt zu Paräis de Prozess géint eng Partie Membere vum rietsextreme Rassemblement National un - dorënner och d’Marine Le Pen. Der Partei gëtt virgehäit Sue vum Europaparlament verontreit ze hu fir national Mataarbechter ze bezuelen. D’Urteel kéint wäitreechend Konsequenze fir d’Partei hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto

25 Persounen, ënnert hinnen och d’Marine Le Pen, gi verdächtegt tëschent 2009 an 2016 Sue vum Europaparlament verontreit ze hu fir d’Scholde vum Front National, wéi d’Partei deemools nach geheescht huet, ze reduzéieren. D’Suen déi den Europadeputéierte vum Parlament zur Verfügung gestallt gi fir Assistenten anzestellen, solle beim Front National dofir benotzt gi sinn, fir national Mataarbechter ze bezuelen - wat awer strikt verbueden ass.

Och d'Marine Le Pen wier "staark involvéiert"

D’Partei hat deemools iwwer 20 Millioune Schold. An enger Mail un d’Marine Le Pen, déi bei Perquisitiounen am Joer 2016 fonnt gouf, huet den deemolegen Tresorier vum FN der Le Pen geschriwwen, d’Schold wier nëmmen an de Grëff ze kréien duerch Aspuerunge mat Hëllef vum Europaparlament. D’Ënnersichungsriichter schwätze vun engem “systemateschen Detournement” vu Suen an deem d’Marine Le Pen staark involvéiert war.

Och den Jordan Bardella wier implizéiert

Dem Europaparlament no kéinten eng 6,8 Milliounen op dës Manéier verontreit gi sinn. Den aktuelle Parteichef Jordan Bardella ass zwar net ugeklot, wéi de Journalist Tristan Berteloot awer schreift, wier hien an d’Affär implizéiert, well hien deemools als parlamentareschen Assistent gefälschten Aarbechtsdokumenter ausgestallt hätt.

Marine Le Pen riskéiert 10 Joer Prisong

Verschidden Zeien an och Ugeklote sti mëttlerweil am oppene Konflikt mat hirer Ex-Partei an hunn am Virfeld scho belaaschtend Aussoe gemaach. Sollt si schëlleg gesprach ginn, riskéiert d’Marine Le Pen bis zu 10 Joer Prisong, 1 Millioun Geldstrof an och e Verbuet fir bis zu 10 Joer net bei enger Wal unzetrieden. De Prozess leeft nach bis de 27. November.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Justiz