Den haut 83 Joer ale Ratko Mladić géif net un enger onheelbarer Krankheet leiden, esou d'Begrënnung vum Geriicht. Säi Gesondheetszoustand wier prekär, mee hie géif am Prisong gutt betreit ginn a misst net aus humanitäre Grënn entlooss ginn.
De Ratko Mladić war 2011 wéinst Genozid a Krichsverbriechen zu liewenslängleche Prisong verurteelt ginn. Do virdru war hie 16 Joer laang op der Flucht. Hie gëtt ënner anerem fir de Massaker vu Srebrenica responsabel gemaach.
Virun 30 Joer hate serbesch Unitéiten do eng 8.000 mosleemesch Jongen a Männer ëmbruecht.