Zesumme mat véier aneren EU-Memberstaaten ass Lëtzebuerg vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg verurteelt ginn.
Géint déi fënnef Staate si Geldstrofe gesprach ginn, well si d’EU-Direktiv iwwer sougenannt Whistlebloweren - also Persounen, déi Mëssstänn am allgemengen Intressi public maachen - net oder net mat Zäiten ëmgesat hunn.
Eng Geldstrof vun 375.000 Euro fir Lëtzebuerg
Mat enger Strof vun 375.000 Euro, déi de Grand-Duché der EU-Kommissioun muss bezuelen, koum Lëtzebuerg vun deene fënnef Staaten am beschten ewech.
Déi héchst Strof vun der Cour war fir Däitschland mat 34 Milliounen Euro. Wäit hannendru kommen Tschechie mat 2,3 Milliounen an Ungarn mat 1,75 Milliounen Euro Strof, iwwerdeems Estland eng hallef Millioun iwwerweise muss, bei déi eng deeglech Astreinte vu 1.500 Euro dobäi kënnt, sollten d’Esten d’Whistleblower-Direktiv nach net ëmgesat hunn.
D’EU-Kommissioun hat den Europäesche Geriichtshaff gefrot, fir festzestellen, ob déi fënnef Staate géint d’Obligatioune verstouss hätten, déi si op Grond vun där Direktiv hunn. An den Ae vu Bréissel hätten déi fënnef EU-Memberstaaten net déi néideg Bestëmmungen ugeholl, fir konform zur Direktiv ze sinn. A si hätten der Kommissioun hir Bestëmmungen och net gemellt. Dowéinst wollt d’Kommissioun, datt d’Cour ebe Geldstrofe géint déi fënnef Länner sprieche géif.
Schutz fir Whistlebloweren
Andeems den Europäesche Geriichtshaff d’Argumenter vun de betraffene Memberlänner zréckgewisen huet, ass hien de Kloe vun der Kommissioun nokomm. Fir d’Cour ass d’Ëmsetze vun där Direktiv wichteg, well déi sougenannte Whistlebloweren en héijen Niveau u Protektioun bitt, wa si eng Violatioun vum EU-Recht mellen.
Lëtzebuerg hat d’EU-Direktiv eréischt am Mee 2023 ëmgesat. U sech hätt déi Transpositioun awer bis Dezember 2021 solle geschéien. De Grand-Duché hat deemno do ronn annerhalleft Joer Retard.