Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy Leen - Black Summer Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär rondrëm Ofsetze vum CMCM Verwaltungsrotpresident kënnt op en Enn

CMCM

Affär rondrëm Ofsetze vum CMCM Verwaltungsrotpresident kënnt op en Enn

No wochelaangem Hin an Hier ass um Stater Geriicht de Référé iwwert d’Ofsetze vum André Heinen als Verwaltungsrotspresident vun der CMCM gestrach ginn. Dat op Demande hi vu sengem Affekot, woubäi net gesot gouf, firwat. Den Ex-President war bis elo och nach net fir eng Stellungnam z’erreechen.

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company

Den André Heinen wollt sech jo geriichtlech géint déi Ofsetzung wieren, well se a sengen Aen illegal war. D’Affär, déi e puermol ugesat gouf, ass domat elo definitiv vum Dësch.

Am Februar war den André Heinen als President vum Verwaltungsrot vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste ofgesat ginn. Am Abrëll gouf dunn op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CMCM decidéiert, datt déi kommissaresch vun de Verwaltungsrotsmembere sollt gefouert ginn also ouni President, bis zur uerdentlecher Generalversammlung a knapp annerhallwer Woch.

Bei der Caisse médico-complémentaire mutualiste gëtt et bekanntlech e Richtungssträit a Gouvernanceproblemer.