Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 400 Fäll vu Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit kënnen net behandelt ginn

Justiz

Iwwer 400 Fäll vu Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit kënnen net behandelt ginn

Am Kampf géint d’Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit feelt et u Riichteren, Untersuchungsriichteren an u Personal bei der Police Judiciaire a bei der Cellule de Renseignement Financier. Dat hunn d’Vertrieder vun der Justizautoritéite bei hirem Austausch den Donneschdeg an der Chamberjustizkommissioun däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / nkooume

Iwwer 400 Fäll kéinten dowéinst net behandelt ginn.

De President vun der Justizkommissioun Laurent Mosar (CSV) huet sech schockéiert doriwwer gewisen: Hien huet vun engem  “ganz groussen Nohuelbedarf” geschwat, beim Personal a bei der Effizienz vun de Prozeduren.

Wéinst Personalmangel: Risiko, datt Fäll verjäeren

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet vun engem “cri d’alarme” vun de Justizautoritéite geschwat, well déi néideg Zäit an dat néidegt Personal net do wieren, fir d’Fäll mat Zäiten ze behandelen. 

"Mam Resultat, datt déi dann och iergendwann eng Kéier verjäert ginn. An dat ass natierlech awer trotzdeem ee risege Problem fir de Rechtsstaat och fir eng funktionéierend Justiz."

Dem Oppositiounsdeputéierten a fréiere Wirtschaftsminister no, wier et awer och eng Fro vum politesche Wëllen.

Am Kampf géint d’Wirtschaftskriminalitéit wier eng vun de Léisungen eng Opstockung vum Personal, déi fir déi nächst dräi Jore virgesinn ass, esou d’Justizministerin Elisabeth Margue.

Justizministerin: Zousätzlech Poste virgesinn

Zousätzlech géifen an der Cellule de renseignement financier sechs zousätzlech Poste geschaf ginn "dat heescht, do gi mir da vu siwe Magistraten op 13 Magistraten".

Beim Parquet Général si siwen zousätzlech Poste bis 2027 virgesinn, an zesumme 27 zousätzlech Poste bei de Parquete vun de Bezierksgeriichter Lëtzebuerg an Dikrech. Den néidege Gesetzprojet dofir soll deemnächst gestëmmt ginn.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Justiz