Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Flavio Becca kritt d'Stee vu sengen Aueren net méi verhënnert

D'Stee ass muer Samschdeg

De Flavio Becca kritt d'Stee vu sengen Aueren net méi verhënnert

Een Deel vun den Aueren aus der Sammlung vum Flavio Becca wäert dëse Samschdeg am Casino zu Munneref versteet ginn. Dat hat d’Lëtzebuerger Wort virun engem Mount ugekënnegt. Organiséiert gëtt dës Stee am Optrag vum Bureau de gestion des avoirs (BGA), deen dem Justizministère ënnersteet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’lescht Woch hat den Entrepreneur Flavio Becca an der sougenannter “Aueren-Affär” jo dräi nei juristesch Aktioune géint de Lëtzebuerger Staat lancéiert. Dat dierft keen Afloss op d’Auere-Stee vum Samschdeg Mëtteg hunn.

842 Aueren am Wäert vun 18 Milliounen Euro ware beschlagnaamt ginn. Dat war – wéi gewosst - een Deel vum Urteel géint de Flavio Becca an dëser Affär.

Op d’Fro, ob déi nei juristesch Aktiounen een Afloss op d’Auere-Stee zu Munneref hunn, huet de Bureau de gestion des avoirs eis dëser Deeg schrëftlech geäntwert.

"Le BGA procèdera à la vente aux enchères de 150 montres, propriété de l’Etat, suite à des décisions de confiscations définitives."

Bei den 150 Aueren, déi elo solle versteet ginn, handelt et sech net nëmmen ëm där aus der Affär vum Flavio Becca, hat d’Lëtzebuerger Wort preziséiert.

Affekot vum Flavio Becca: Lëtzebuerger Staat misst d'Stee

Zu dëser Stee zu dësem Zäitpunkt, seet den Affekot vum Entrepreneur, de Me Jean-Louis Dupont.

"C’est la mise en œuvre des décisions de justice. Maintenant, devant les actions que nous avons intentées, dans sa grande sagesse, l’État luxembourgeois serait bien inspiré de ne pas procéder à la vente de montres dont nous contestons qu’elles étaient saisies suite à un délit, et que le délit, selon nous, (…) incriminer un tel délit, viole le droit de l’union européenne. (…))"

De Flavio Becca huet verschidde juristesch Aktioune lancéiert

D’Cour de Cassation hat de leschten Dezember d’Verurteelung vum Geschäftsmann a Sportinvestisseur Flavio Becca wéinst Abus de biens sociaux a wéinst Blanchiment détention confirméiert.

D’lescht Woch hat de Geschäftsmann matgedeelt, eng Plainte géint Lëtzebuerg bei der EU-Kommissioun deposéiert ze hunn, wéinst Verstouss géint EU-Recht. Donieft gouf eng Requête beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gemaach. An de Flavio Becca hat ugekënnegt, eng Schuedenersatzklo géint de Lëtzebuerger Staat beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg wëllen ze maachen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz
Politik a Gesellschaft