Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - Open Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autodenonciatioun vum Christian Kmiotek: De Parquet huet d'Affär klasséiert

Am Kader vum Heescheverbuet

Autodenonciatioun vum Christian Kmiotek: De Parquet huet d'Affär klasséiert

“Hashtag Heescheverbuet: Meng Affär gouf klasséiert”: Mat deene Wierder huet de Christian Kmiotek an de soziale Medien op e Bréif reagéiert, deen hie vum Procureur d’Etat Georges Oswald krut. Enn Januar hat sech de fréiere grénge Parteipresident jo am Zesummenhank mam Heescheverbuet selwer bei der Police an der Stad denoncéiert. 

auto_stories

2 min

Am Kontext vum Heescheverbuet gouf dem Christian Kmiotek seng Affär klasséiert. Dat huet de fréiere grénge Parteipresident de Moien an de soziale Medie matgedeelt. Am Bréif vun der Justiz un hie stéing keng Begrënnung vun der Decisioun vum Procureur d’Etat:

 “De Procureur selwer, also net e Substitut, mee de Georges Oswald, huet d’Affär klasséiert. Ech hunn dat net ze kommentéieren. Am Géigesaz zu verschiddene Politiker wéi Gloden, Polfer oder Frieden kommentéieren ech net Decisioune vun der Justiz. Ech respektéiere se. Mee natierlech, et bleift dobäi, dass Aarmut kee Verbriechen ass.”

Hie géif dann och hoffen, datt anere Leit hir Affären net géife klasséiert ginn, sou nach de Christian Kmiotek.