Radioen

On air

Notturno  |  V/Z - Habadash Feat. Cathy Lucas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haislech Gewalt: A 25 Prozent vun den Interventiounen 2023 koum et zu Expulsiounen

Kooperatiounskommitee fir de Kampf géint Gewalt

Haislech Gewalt: A 25 Prozent vun den Interventiounen 2023 koum et zu Expulsiounen

Et goufen zejoert méi Policeinterventioune wéinst haislecher Gewalt. D’Zuel vu schlëmme Fäll, déi eng Expulsioun vun den Täter erfuerdert hätt, ass stabel bliwwen. Deen traurege Constat hunn déi zoustänneg Autoritéiten de Moie virun der Press virgestallt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© HalfPoint play_arrow
Foto: Bigstock / HalfPoint

Am Detail goufen et wéinst Gewalt am Stot iwwer 1.000 Policeinterventiounen. An 250 Fäll hunn d’Täter missen de Stot verloossen.

Wouhier kënnt déi Diskrepanz tëscht den Interventiounen an den Expulsiounen? Dat géif doru leien, datt d’Leit méi sensibiliséiert wieren, erkläert de Laurent Seck vum Parquet.

"A méi schnell d’Police ruffen, wat gutt ass, fir manner grave Saache. An hautdesdaags, wa se héieren datt am Appartement niewendru gejaut gëtt, an et ass ze haart, da ruffen d’Leit d’Police."

Dacks wier et dann net esou schlëmm, datt et zu enger Expulsioun misst kommen, well keng „Gefor fir Leif oder Liewe“ bestoe géif, erkläert de Laurent Seck.

Expulsioun réicht bei Gefor fir Leif a Liewen

Dat brauch et nämlech, fir datt et zu enger Wegweisung vu 14 Deeg kënnt. Eng Expulsioun ass keng Verurteelung, ënnersträicht de Laurent Seck. Dobäi ass d’Expulsioun déi éischt Schutzmoossnam, déi den Affer kann ugebuede ginn, esou d’Chancëgläichheetsministesch Yuriko Backes. An, wéi d’Laurence Bouquet vun der asbl Riicht eraus erkläert, fänkt haislech Gewalt eréischt un, wann et eng Gefor fir Leif a Liewe gëtt:

„Dat heescht wa mer schonn an där Phas sinn, wou eng Persoun expulséiert gëtt, ass jo scho manifestement eppes Schlëmmes geschitt. A wann et eng zweet, eng drëtt Kéier geschitt, da wësse mer, datt et ëmmer crescendo gëtt.“

Psyschesch Gewalt schwéier ze paken

An 100 Prozent vun de Fäll vu kierperlecher haislecher Gewalt koum et virdrun oder wärenddeem zu psychescher Gewalt, geet aus de presentéierten Zuelen ervir. A genee déi ze paken, wier de Problem, erkläert de Laurent Seck.

"Wann et nämlech keng injure ass, keng menace, a keen harcèlement, da fänkt et un abstrakt ze ginn. An dann ass d’Schwieregkeet, ech muss jo och herno kennen domat an eng Sëtzung goen, an ech muss engem Riichter erklären, inwiefern dat eng Infraktioun ass.“

De Koalitiounsaccord vun der schwaarz-bloer Regierung gesäit ënnert anerem vir, datt et eng zentral Ulafstell fir Affer vun haislecher Gewalt soll ginn. Wéi een dann elo präventiv kéint virgoen, misst nach an enger Gesamtstrategie fir d’Bekämpfe vu geschlechterbaséierter Gewalt ausgeschafft ginn, esou d’Chancëgläichheetsministesch.

Gewalt géintiwwer Kanner fält net an dës Statistik

A ronn 75 Prozent vun de Fäll spillt sech déi haislecher Gewalt an der Koppel of. 9 vun 10 expulséierten Täter si männlech, esou d’Chancëgläichheetsministesch Yuriko Backes. An 12 Prozent vun de Fäll ass et ee Volljäregt Kand, dat een Elterendeel aggresséiert. Hei sief ënnerstrach, datt Gewalt vun Eltere géint Kanner net an dës Zuele falen – well fir Kanner ënner 18 Joer aner Schutzmoossname gëllen.

Fir Affer vun haislecher Gewalt, egal a wat fir enger Form, fënnt een Informatiounen um Site Violence.lu.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft