Et géing ee Präzedenzfall fir aner Transfert-d'Entreprisë geschaf ginn, sou de Smail Suljic am 100,7-Interview. Leit vun aneren Entreprisë kéinte sech "dat heiten ofkucken", an esou vill Saache ëmgoen, huet den Zentralsekretär vum OGBL gemengt.
Géingen déi nei Kontrakter net dat anhalen, wat se verspriechen, da kéinten d'Leit op d'Ënnerstëtzung vum OGBL zielen.
"D'Leit hunn d'Recht, dee Kontrakt ze ënnerschreiwen. A mir soen och de Leit, wa si dat ënnerschreiwen, dann hu si och am Nachhinein all Ënnerstëtzung vun eis, sollt de Kontrakt net dat sinn, wat en am Fong hätt solle sinn."
Et géing een och zu honnert Prozent de Besoin oder den Drock, deen d'Leit hunn, sief et mental, physesch oder och virun allem finanziell, verstoen, huet de Smail Suljic betount.