Radioen

On air

Popfilter  |  Nadia Reid - Changed Unchained

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aussoen zum Theema Ofdreiwung suerge fir Opreegung

Kardinol Hollerich

Aussoen zum Theema Ofdreiwung suerge fir Opreegung

Eng ganz Partie Organisatiounen hu sech den Dag no der Poopstvisitt an engem Schreiwes schockéiert a besuergt iwwer Aussoen zum Theema Ofdreiwung gewisen, déi de Kardinol Jean-Claude Hollerich um Donneschdeg an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort gemaach huet. 

auto_stories

1 min

De Kardinol Jean-Claude Hollerich no der Arrivée vum Poopst um Findel. | © SIP / Frédéric Sierakowsk
Foto: SIP / Frédéric Sierakowsk

Op der Kamala Harris hir Positioun a punkto Ofdreiwung ugeschwat, huet de Kardinol geäntwert hie géing ee Recht op eng Ofdreiwung ëmmer ofleenen, och bei Vergewaltegungen oder Inzest géing hie keng Ausnam maachen.

Dem Kardinol seng Aussoe géinge weisen, wéi ee Stellewäert Fraen an der Weltuschauung vun der kathoulescher Kierch hätten, ass et d‘Kritik an engem gemeinsame Communiqué vun ënnert anrem CID Fraen an Gender, Planning Familial, OGBL, déi gréng, an déi lénk.

Och de Poopst hätt sech virgëschter bei senger Visitt net mat patriarchaleschen Äusserungen zeréckgehalen a gefuerdert, zu Lëtzebuerg misste méi Kanner op d‘Welt gesat ginn. Familljeplanung a Sexualitéit wieren eng Privatsaach an et wier weder um Poopst, nach un der kathoulescher Kierch, sech do anzemëschen, heescht et weider am Schreiwes.