Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopstvisitt: Auswierkungen op den Trafic an extraen Dispositif vum CGDIS

Verkéier

Poopstvisitt: Auswierkungen op den Trafic an extraen Dispositif vum CGDIS

Eng 10.000 Leit ginn haut fir de Besuch vum Poopst François am Zentrum vun der Haaptstad erwaart. D’Administration des transports publics recommandéiert, sech am Viraus iwwer all Changementer ze informéieren an den eegenen Trajet am Viraus ze plangen. Fir datt alles ouni Problemer ofleeft, ass den nationale Rettungsdéngscht mat wäit iwwer 100 Leit am Asaz. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Maxi Pesch

Fir d'Automobilisten dierft et schwiereg ginn, bis an d'Stad ze kommen: vun 9 Auer de Moien u wäert nämlech keen individuellen Autostrafic an der Uewerstad méi méiglech sinn. Och d'Situatioun vun de Parkinge gëtt méi komplizéiert: De Parking Knuedler an den ieweschten Deel vum Glacis si schonn zanter Mëtternuecht zou - Monterey a Saint-Esprit sinn nëmme limitéiert accessibel. 

Verschidde Buslinnen hunn en aneren Terminus

Zu der Bus-Situatioun dann: Am AVL-Reseau sinn eng ganz Partie Linne vun den Ännerunge betraff, all Detailer dozou ginn et op liveticker.vdl.lu. Och beim RGTR-Reseau kënnt et zu Changementer. Verschidde Linne fueren nëmmen nach bis op den Houwald, erkläert d'Annick Trmata vun der Administration des transports publics. Dorënner ganz vill Linne mat 600-Nummeren. Dat sinn déi Busser, déi aus dem Süden eropkommen.

"Vu Rëmeleng iwwer Keel, vu Villerupt a Frankräich eriwwer, an dann Nidderkuer, Rodange, Uewerkuer deen Eck.“

All déi Linne vum RGTR hunn haut hiren Terminus an Depart beim Stadion.

Mat de Busse 701 a 711 kënnt een nach bis op d'Stäreplaz. Vun do aus kann ee mam Tram weiderfueren. Dee fiert nämlech iwwer de ganzen Dag - ausser tëschent 12 an 2 Auer mëttes. Also dann, wann de Poopst mam Papamobil ënnerwee ass. An där Zäit sinn d'Tramsschinnen tëschent dem Hamilius an der Gare gespaart.

Schoulbusser ginn deviéiert

Och eng Partie Schoulbusser ginn ëmgeleet, den Transport fir an d’Schoul an owes erëm heem wier awer garantéiert, Esou nach d'Annick Trmata. Déi Linne Richtung Fëlschdref, Duelem, Fréiseng an och Ierpeldeng a Réimech ginn dann ëmgeleet. 

Virun 9 Auer de Moien an no 6 Auer den Owend rechent d'Administration des transports publics domat, datt den Trafic normal rulle kann. Op Mobilitéit.lu kann ee sech iwwer all Changementer um lafenden halen.

Lauschterenplay_arrow

CGDIS: Noutfallplang vun esou enger Envergure ass rar

Eng 10.000 Leit ginn haut fir de Besuch vum Poopst François am Zentrum vun der Haaptstad erwaart. Fir datt alles ouni Problemer ofleeft ass den nationale Rettungsdéngscht mat wäit iwwer 100 Leit am Asaz. 

Zanter Méint gëtt um Dispositif geschafft erkläert de Paul Hack, Chef de Zone vum Zentrum beim CGDIS. En Noutfallplang vun esou enger Envergure wier rar zu Lëtzebuerg. Den nationale Rettungsdéngscht hätt zwee Post Medical Avancée an der Uewerstad an op der Gare virgesinn, wou medezinescht Personal dobäi wier. D'Logistik géif och dat néidegt Material virgesinn, fir Leit an engem Rollstull oder fir se opzewiermen am kale Wieder. De Poopst eleng huet iwwer dee ganzen Dag permanent eng Ambulanz, déi hie begleet.

Ausso vum Paul Hack lauschterenplay_arrow

Am Haff vun der Cité Judiciaire gëtt eng extra Asazleedung opgeriicht. Vun do aus ginn d'Asätz koordinéiert. De Paul Hack appelléiert weider, datt d'Leit am Fall vun engem Malaise wéi gewinnt den 112 ruffe sollen.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft