Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Caritas-Personal fillt sech am Stach gelooss

Sozialplang

D'Caritas-Personal fillt sech am Stach gelooss

Et ass op en Neits eng turbulent Woch fir d’Caritas. D’Personal ass veronséchert: eng 350 Leit sollen op den 1. Oktober – also en Dënschdeg – bei déi nei ASBL “Hëllef um Terrain” wiesselen. An nach ass net kloer, ënner wéi enge Konditiounen dat geschitt.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Michelle Barthel play_arrow
Foto: Michelle Barthel

Vill manner gëtt iwwer d’Situatioun vun deene Leit geschwat, déi net mat iwwerholl ginn an elo op hir Entloossung waarden.

Gewosst ass just, datt et ee Sozialplang soll ginn.

D’Caritas gëtt ee ganz groussen Deel vun hiren nationalen Aktivitéiten an hirem Personal un d’HUT-asbl of. Mee d’Leit déi am Beräich vun der internationaler Kooperatioun geschafft hunn, respektiv fir de politesche Plaidoyer zoustänneg waren, sollen entlooss ginn. Betraff sinn op d‘mannst eng 30 Leit. A si all sinn den 9. September fir eng Reunioun convoquéiert ginn, wéi kloer ginn ass datt keng Sue méi do wiere fir hir Salairen nach weider ze bezuelen. A mat där Reunioun fänken d’Onkloerheeten un. Op d‘mannst beschreiwen dat esou eng ganz Rei vun de Concernéierten.

Vage Aussoen zum Oflaf vum Sozialplang

Wéi iwwert eng Dose vun de Concernéierte mir géintiwwer beschriwwen hunn, ass just gesot ginn: Fir Är Projeten ass kee Finanzement méi do an et kënnt warscheinlech ee Sozialplang. Mee zum genauen Oflaf wiere just informell a vag Aussoe gemaach ginn.

Dat war den 9. September, zënterhier kruten déi Leit keng Informatioune méi zu hirer geplangter Entloossung.

Zur Situatioun vun deene Leit muss een dat hei soen: am Summer nodeems de Finanzbedruch opgeflunn ass, hu si am Ausnamezoustand geschafft fir hir Projeten ze retten. Elo am September hu si missen hir Projeten dann op eemol a Rekordzäit ofwéckelen.

Keng Informatiounen a kee kloren Uspriechpartner

Elo waarden déi Concernéiert just nach fir endlech gewuer ze ginn, wat hirt eegent Schicksal ass.

Hei d’Temoignagë vun 3 Concernéierten, déi an der internationaler Kooperatioun schaffen, an aus Angscht virun negative Konsequenzen net wëlle mam Numm genannt ginn:

„On ne mérite pas une double peine. La première peine de perdre notre travail dans une situation où nous devons annoncer à nos collaborateurs au terrain que tout prend fin. Et si en plus on ne communique pas avec nous clairement c‘est quelque chose qui est sincèrement invivable.“

„Un silence radio règne depuis le 9 septembre. Un plan social? Une faillite? On se demande si on aura encore une délégation le premier octobre. Et maintenant, depuis plusieurs jours, on ne sait même plus à qui s‘adresser depuis le départ de Monsieur Billon.“

„Je pense que aujourd‘hui on est épuisé émotionellement et perdu. On ne sait même plus à qui s‘adresser pour obtenir des réponses ou d‘être écouté. Maintenant la seule chose qu‘on attend c‘est qu‘un plan social soit négocié. Qu‘on puisse partir avec respect et dignité.“

Ween ass responsabel?

Et besteet déi lescht zwee Méint ee grondsätzleche Problem an der Krisegestioun. Et ass onkloer, wee bei der Caritas eigentlech genee d’Responsabilitéit fir Decisiounen dréit. De Bistum, de Verwaltungsrot, de Krisecomité, d’Regierung?

A wann een nofreet, huet een d’Gefill, datt een ëmmer op ee jeeweils anere verwise gëtt - wann een iwwerhaapt eng Äntwert kritt.

Eng Direktioun huet d’Caritas den Ament net, déi Leit sinn all am Krankeschäin. De Krisecomité, deen am Juli agesat gouf, huet zënter leschter Woch kee President méi, well de Christian Billon demissionéiert huet. Weder déi aner Membere vum Krisecomité nach de Recht vum Verwaltungsrot halen d’Personal iwwer d’Situatioun um Lafenden.

Kënnt eng Liquidatioun?

Dat ass nach ëmmer net kloer. Uganks der Woch hat de Bistum jo matgedeelt e géif der Caritas keng gréisser finanziell Hëllef méi ginn. Mee elo ass nach eng aner Léisung am Gespréich: De Staat schëlleg der Caritas nach Suen, well déi jo elo zënter Juli weider funktionéiert huet, a Flüchtlingsheemer a Sans-Abrise betreit huet zum Beispill.

Wann et méiglech wier déi Suen a relativ kuerzer Zäit ze iwwerweisen, kéint dat op d'mannst mëttelfristeg d’Rettung vun der Caritas sinn. Dat wier dann eng Fondatioun ouni Aktivitéiten, mee déi sech vläicht nom Ofschloss vun all hire Rechtsstreidegkeete wéinst dem Finanzbedruch vläicht nach emol kéint opriichten. An déi de Sozialplang fir d’Personal kéint finanzéieren, dat elo scho wochelaang weess, datt et bei der Caritas fir si keng Zukunft méi gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft