Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sue vum Poopst sollen "allgemeng fir déi Aarm" benotzt ginn, net fir d'Caritas

De Bistum stellt kloer

Sue vum Poopst sollen "allgemeng fir déi Aarm" benotzt ginn, net fir d'Caritas

De Bistum wäert d’Suen, déi hie gëschter vum Poopst an Aussicht gestallt krut, asetzen, fir deenen Aarmen ze hëllefen. Dat sot de Generalvikar Patrick Muller um Freidegmoien am 100,7 Interview.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: SIP / Emmanuel Claude

Et handelt sech ëm ronn 170.000 Euro, déi de Kardinol Jean-Claude Hollerich ufanks eigentlech dem Hëllefswierk vum Poopst wollt spenden. D'Sue waren iwwer Spende vu Gleewegen hei am Land zesummekomm.

Mee: de Poopst huet gëschter an der Kathedral gesot, hie géif déi Suen net wëlle mat op Roum huelen, mee zeréck u Lëtzebuerg ginn. D'Spende sollten "hei am Land" benotzt ginn, fir d'Aarmut ze bekämpfen a Migranten ze hëllefen, esou dem Poopst säi Wonsch.

Elo misst ee sech beroden, wéi dës Sue placéiert ginn. De Generalvikar war sech awer net sécher, ob hien de Poopst esou verstanen huet, datt déi Suen un d'Caritas goe sollen.

"Dat ass elo mengen ech net fir d’Institutioun, déi a Schwieregkeete leider stécht, mee allgemeng fir déi Aarm. Hien huet jo betount fir d’Flüchtlingen a fir d’Migranten. An deem Sënn si mir als Kathoulesch Kierch an der Flüchtlingshëllef ganz staark engagéiert, onofhängeg vun enger Institutioun wéi d’Caritas, déi dat ëmmer ganz gutt gemaach huet natierlech."

De Patrick Mullerplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft