Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'ADR missten Investitiounen an d'Rüstungs- an Nuklearindustrie méiglech sinn

Kompensatiounsfong

Fir d'ADR missten Investitiounen an d'Rüstungs- an Nuklearindustrie méiglech sinn

D’ADR fuerdert eng ganz rationell Investitiounspolitik fir de Kompensatiounsfong. An den Ae vum ADR-Deputéierten Tom Weidig géifen et nämlech ze streng Krittäre ginn, wéi dee Fong dierf d’Pensiounsreserven uleeën. Aner Parteien hunn dat net esou gesinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Krittären, déi musse respektéiert ginn, wieren ideologescher Natur a géifen dem Rendement vum Invest schueden, esou konkret de Virworf vun der ADR. Dat hunn déi aner Parteien an der Chamber widderluecht. 

ADR: Vu gudde wirtschaftleche Geschäfter profitéieren

De Kompensatiounsfong, deen d’Pensiounsreserve geréiert an investéiert, ënnerläit verschiddene Krittären, wéi déi Gelder dierfen ugeluecht sinn. Ausgeschloss sinn eng ganz Rei u Secteuren a Firmaen, déi d’Mënscherechter zum Beispill net respektéieren, oder déi am Pëtrols- oder Atomwaffesecteur täteg sinn.

Do misst de Kompensatiounsfong ee méi diversifizéierte Portfolio kënnen eraussichen, wéi d’Rüstungsindustrie, esou den ADR-Deputéierten Tom Weidig.

"Soss geet d‘Rendit verluer, well munnech Firmaen op den Exclusiounslëschte gutt ofgeschnidden hunn, grad well si Geschäfter maachen, déi fir d‘Wirtschaft wichteg sinn. Ech denken do un d‘Nuklearindustrie an un d‘Rüstungsindustrie."

LSAP an CSV widderspriechen

Datt déi Investitiounskrittären e Rendement géifen erofdrécken, dat kéint een net behaapten, seet den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.

"De Fonds de compensation, deen zanter senger Entsteeung 10 Milliarden Euro agespuert huet, da kënnt Dir net soen, dat géif net funktionéieren. Da kënnt Dir net soen, datt dat misst méi professionell gemaach ginn. Da kënnt Dir net soen, datt dat méi muss vun international fäegen Assetmanager gemaach ginn, well déi ginn op d‘Spekulatioun."

Och d’Sozialministerin Martine Deprez widderleet d’Aussoe vum ADR-Deputéierten.

"A wéi et scho gesot gouf, kann ech mir net virstellen, datt de Sënn an den Zweck vum Debat haut soll sinn, d‘Fro ze stellen, datt mir manner strikt Krittäre sollen hunn. Déi Krittären, déi mir elo hunn, hunn ee Rendement vun 10 Prozent."

Am Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong decidéieren d’Vertrieder vu Patronat, Salariat, Staat a Pensiounskeess d’Investitiounspolitik.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft