Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Nicolas Michaux - Nos Retrouvailles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stater Heescheverbuet ass "warscheinlech verfassungswiddreg"

Cellule scientifique vun der Chamber

Stater Heescheverbuet ass "warscheinlech verfassungswiddreg"

D'Heescheverbuet an der Stad verstéisst héchstwarscheinlech géint d’Lëtzebuerger Verfassung. Zu där Conclusioun kënnt d’Cellule scientifique vun der Chamber, déi ëm een Avis gefrot gouf.

auto_stories

1 min

Den Inneminister Léon Gloden hat jo gréng Luucht gi fir am Stater Policereglement déi einfach Heescherei ze verbidden. Eng Decisioun, déi juristesch Froen opgeworf hat.

D’Cellule scientifique seet an hirem Avis ënner anerem: Si géif dervun ausgoen, datt d’Infraktioun vun der einfacher Heescherei 2008 opgehuewe gouf, duerch eng Ännerung vum Code pénal. 

D'Stater Heescheverbuet géif och verschidde Fräiheete limitéierten, déi an der Verfassung virgesi sinn, an esou Fräiheetsaschränkunge misste gesetzlech verankert sinn, wat hei net Fall wier.

D'Stater Heescheverbuet wier deemno warscheinlech net konform zur Verfassung. Decidéiere kéint dat awer nëmmen ee Riichter oder eng Riichterin, esou d’Cellule scientifique vun der Chamber.