Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur, D 729, III. Scherzo a Trio - Münchner Symphoniker, Kevin John Edusei (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Regierung huet rietsextrem an islamistesch Gruppen opgeléist

Gesellschaft a Politik

Franséisch Regierung huet rietsextrem an islamistesch Gruppen opgeléist

Ënner de Gruppen ass och d‘Studentenorganisatioun GUD an de Grupp „Les Remparts“.

auto_stories

1 min

© Bigstock / PaulMaguire
Foto: Bigstock / PaulMaguire

Den Haass vun den Extreeme misst vun der Republik bekämpft ginn, heescht et vum franséischen Inneminister Gérald Darmanin op der Plattform X.

Virun allem d‘GUD, déi zanter de 70er Jore besteet, soll zu Gewaltdoten opgeruff hunn. De Grupp sengersäits kritiséiert d‘Decisioun vum franséische Ministerrot an huet an engems gewarnt, de Kampf weider féieren ze wëllen.