Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Nicolas Michaux - Nos Retrouvailles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitiounen an der Chamber: "Et soll net all Broutdag en Debat sinn"

Francine Closener

Petitiounen an der Chamber: "Et soll net all Broutdag en Debat sinn"

An Zukunft brauch ee méi Ënnerschrëfte fir mat enger Petitioun en Debat an der Chamber ze kréien. Dat huet d'Francine Closener, Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun, am 100,7-Interview confirméiert. Soss géif dat Instrument riskéieren, u Pertinenz ze verléieren.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Francine Closener | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'LSAP Parteipresidentin Francine Closener. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Petitiounskommissioun huet decidéiert, de Seuil op 5.500 Ënnerschrëften unzehiewen. Dat sinn der 1.000 méi, wéi een der am Moment brauch, fir en Debat ze kréien.

D'Pertinenz vum Instrument muss erhale bleiwen

Et wier wichteg, datt net ze vill der Debate sinn, esou d’Francine Closener. Soss géif ee riskéieren, datt déi Petitiounen net méi eescht geholl ginn.

"D’Pertinenz vum Instrument. Dat ass mir dat Wichtegst. Datt déi net herno bradéiert gëtt, an datt een doduerch am Fong den Internet dru verléiert, well all gudde Broutdag en Debat public ass. Well dat ass de Risiko, den een huet."

Wann een trotz der Erhéijung vum Seuil awer méi Debate géif kréien, da géing d'Francine Closener mengen, datt et net nees zu engem Eropsetze vum Seuil kéim.

Wéini d’Ännerung a Kraaft trëtt ass nach net kloer. D’Francine Closener hofft awer, datt dat entspriechend Reglement am Hierscht ka gestemmt ginn.

Europawalen: Kloer Aussoe bleiwen aus

Bei der LSAP gëtt et iwwerdeems weider keng kloer Ausso driwwer, op all d’Kandidate fir d’Europawalen och bereet sinn, op Bréissel ze goen, wa si gewielt ginn.

D’Parteipresidentin sot, si hätt vun hire Kandidaten "näischt anescht héieren", wéi datt se bereet wieren, d’Mandat unzehuelen.

Si hätt de Mars Di Bartolomeo an d’Liz Braz awer net explizit dorop ugeschwat, esou d’Francine Closener. Béid LSAP-Kandidaten haten an Interviewe keng eendeiteg Äntwert ginn, wéi si gefrot goufen, op si bereet wieren an d’Europaparlament ze goen.

D'Francine Closener géif awer dovun ausgoen, datt all d’Kandidate dozou bereet sinn.

"A fir d’éischt misste mir emol de Wieler schwätze loossen. Ech mengen, datt dat dat wichtegst ass."

Een zweete Sëtz ze kréie wier iwwerdeems een Dramresultat fir d'Sozialisten, esou hir Parteipresidentin.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft