Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer a Léon Gloden reagéieren: Keng nei Argumenter am neien Avis

Heescheverbuet

Lydie Polfer a Léon Gloden reagéieren: Keng nei Argumenter am neien Avis

D’Stater Buergermeeschtesch an den Inneminister reagéiere geloossen op d’Conclusioune vun der Cellule scientifique vun der Chamber. Déi war gëscht zur Conklusioun komm, datt d'Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg "warscheinlech" géint d'Verfassung verstéisst.

auto_stories

2 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

Den Avis géif sech op déi nei Verfassung baséieren, an net op déi al Verfassung, déi nach a Kraaft war wéi d'Stater Reglement géint d'Heesche geholl gouf, argumentéiert den Inneminister Léon Gloden. 

Den Inneminister seet, datt d’Justizministerin Elisabeth Margue (CSV) jo wëlles hätt d'Mendicité simple, also dat einfacht Heeschen, aus dem Code pénal ze sträichen. Domat géif dem Avis vun der wëssenschaftlecher Cellule vun der Chamber Rechnung gedroe ginn. A säi Ministère wier am gaangen eng legal Basis ze schafe fir d’Gemengereglementer, sou wéi dat géif am Avis recommandéiert ginn.

"Keng nei Argumenter"

Fir d'Lydie Polfer (DP) a fir de Léon Gloden (CSV) gëtt et allgemeng an deem Avis keng nei Argumenter, déi net scho virdru vun anere Juriste genannt goufen.

D’Lydie Polfer wonnert sech weider driwwer, datt sech eng Cellule scientifique vun der Chamber mam Dossier befaasst, obwuel e Recours an eng Référésprozedur géint d’Policereglement um Verwaltungsgeriicht an d’Weeër geleet gouf. Do hätt een de Prinzip vun der Gewaltentrennung misste respektéieren, fënnt d'DP-Politikerin, déi an de leschte Méint wéinst hirem Festhalen um Heescheverbuet op verschiddene Plazen an der Stad an d'Kritik geroden ass. 

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft